An der 4. Ronn vum franséische F4-Championnat goufen de Weekend 3 Courssen um Nürburgring an Däitschland gefuer.

No Problemer mat der Bremsbalance, déi sech am fräien Training gewisen hunn, sollt et am Qualifying net wierklech besser lafen an et war um Enn just déi 7. Plaz fir den Chester Kieffer.

An der 1. Course konnt de Lëtzebuerger Pilot no engem exzellente Start bis op Plaz 2 no vir fueren, éier hien dunn awer vun engem aneren Auto um hënneschte lénke Rad touchéiert gouf. D'Konsequenz war e Platten an en huet mussen opginn.

An der 2. Course, ënnert typeschem Eifel-Wieder, war den Chester Kieffer vu Plaz 5 op Plaz 1 no vir gefuer. Wéi et bis ugefaangen huet méi staark ze reenen, huet den aggressiv-gewielte Setup vum F4 net méi funktionéiert an d'Konkurrente konnten opschléissen. De Versuch sech géint déi séier Konkurrenz ze wieren ass an engem Dréier resultéiert, wouduerch en du bis op Plaz 20 zeréckgefall ass.

E Sonndeg du gouf nach eng 3. Course gefuer, dat ënnert dréchene Konditiounen. Hei war et um Enn eng 6. Plaz.

Am Championnat läit den Chester Kieffer weiderhin op Plaz 4 mat 109 Punkten, huet awer wichteg Punkten op d'Spëtzt verluer.

Déi nächst Course ass vum 23.-25. August zu Magny Cours