Beim 9. Laf vun der Rallye-WM fighten d'Equipagen a Finnland ëm Punkten, dat ënnert ganz schwierege Konditiounen.

Et ass en immens séiere Rallye op Schotterweeër, mat enorm ville wäite Spréng, déi d'Equipagen an d'Autoen un hir Grenze bréngen. Dëst Joer kënnt dann nach de Reen dobäi, deen d'Strecken nach méi onberechenbar mécht.

De Lëtzebuerger Grégoire Munster ass hei mat sengem belsche Co-Pilot Louis Louka wéi gewinnt um Ford Puma Rally1 am Asaz. Um Freideg hu schonn eng Partie Top-Pilote fréizäiteg mussen Abandon erklären, well se vun der Streck ofkomm sinn. Sou z.B. och de fréiere Weltmeeschter Ott Tänak op Hyundai i20 N Rally1, oder den Esepekka Lappi, (och op Hyundai), grad ewéi den Takamoto Katsuta op Toyota GR Yaris Rally1.

De Lëtzebuerger/belschen Duo huet sech awer aus allem erausgehalen a konnt um Enn vum Freideg op Plaz 7 am Generalklassement iwwernuechten.

E Samschdeg de Moie sollt et si awer och erwëschen. No ronn 4 Kilometer op der 11. Special vum Rallye hu sech de Grégoire Munster an de Louis Louka mat hirem Ford Puma iwwerschloen, nodeems se beim ubremse vun enger Kéier vum feelende Gripp iwwerrascht goufen. Hinnen ass näischt geschitt, ma den Auto huet nawell gelidden. Deemno war et den Out um Samschdeg. Si probéieren awer e Sonndeg nees un den Depart ze goen, falls den Auto bis dohin nees vun de Mecaniciene vun M-Sport kann opgeriicht ginn.