Sensationell 2. Plaz fir Black Falcon Team 48 Losch mam Steve Jans

© Black Falcon (Archiv)
E Samschdeg gouf an der Nürburgring-Langstrecken-Serie eng 6-Stonne-Course gefuer, bei där d'Wieder nawell eng grouss Roll gespillt huet.
De Start war um 12 Auer. Direkt an der zweeter Ronn gouf et e Massecrash vu GT3-Gefierer, dat am Passage "Hatzenbach", wouduerch d'Course huet mussen ënnerbrach ginn. Direkt 7 Autoe waren hei erausgeflunn, nodeems et ugefaangen hat mat Reenen, an d'Autoen nach op Slicks ënnerwee waren.
D'Course ass um 14 Auer nees gestart ginn, an dp ware just nach 4 Gefierer aus der stäerkster Klass dobäi, ee Mercedes, een Audi an zwee Porschen.
Am beschten aus der Affär gezunn huet sech den HRT-Mercedes-AMG mat der Startnummer 9. Gefuer sinn den Hubert Haupt, den Salman Owega an den David Schumacher.
Hannendru koum dunn awer déi richteg Iwwerraschung vun der Course. Hei ass et nämlech de Black Falcon Team 48-Porsche mam Lëtzebuerger Steve Jans, deen déi aner GT3-Konkurrente konnt hannert sech loossen. Den Auto mat der Startnummer 148 ass een aus der Cup-Kategorie, huet deemno net déi selwecht Performance wéi d'Gefierer aus der SP9-Kategorie.
De Steve Jans, den Tobias Müller an de Gabriele Piana sinn eng feelerfräi Course gefuer a gewanne mat 1min18 Virsprong d'Cup2-Wäertung. Ma wat nach vill méi fir Freed dierft gesuergt hunn, ass Plaz 2 am Gesamtklassement.
Op Plaz 3 kënnt och e Cup2-Porsche, dëst vun AVIA W&S Motorsport mat Blickle, Scheerbarth a Jahn.
Den nächste Laf vun der NLS gëtt eréischt den 19. Oktober gefuer, iwwerdeem den Ofschloss dann de 16. November usteet.