Enttäuschend Resultat fir Munster, Victoire fir Ogier

© Luca Barsali / NurPhoto / NurPhoto via AFP
Bei der Finnland-Rallye gëtt et um Enn eng Victoire fir de Fransous Sébastien Ogier um Toyota GR Yaris. Grégoire Munster am General wäit hannen.
Nom Freideg war de Lëtzebuerger Grégoire Munster um Ford Puma Rally1 op enger gudder 7ter Plaz am General. Um Samschdeg de Moien dunn hat hien awer direkt op der 1. Special eng Sortie, wouduerch de Rallye fir hien a säi Copilot Louis Louka gelaf war. Si konnten um Sonndeg zwar nach emol un den Depart goen, a sinn déi 4 Speciallen och gefuer, ma am Generalklassement hu se sou vill Strofminutten duerch den Ausfall um Samschdeg, dass d'Schlussresultat just nach e symbolesche Charakter huet. Um Enn war et Plaz 49.

© Jussi Nukari / LEHTIKUVA / AFP
Un der Spëtzt ass et um Enn nach emol spannend ginn, well de Leader Kalle Rovanperä hat op der zweetleschter Special eng Sortie a konnt déi lescht Special net méi fueren. Domadder huet den Duo Sébastien Ogier / Vincent Landais d'Victoire geierft (Toyota GR Yaris Rally1). Plaz 2 geet un d'Belsch Thierry Neuville a Martijn Wydaeghe op Hyundai i20 N Rally1 a Plaz 3 un d'Fransousen Adrien Fourmaux an Alexandre Coria op Ford Puma Rally1.
De Sébastien Ogier sollt dës Saison eigentlech just e limitéierte Programm vun e puer Rallyë fueren. Elo ass hien awer zweeten am WM-Klassement, wouduerch et wuel sou ausgesäit, wéi wann de Fransous no der Summerpaus nees dierft am Auto sëtzen an ëm de WM-Titel fir Toyota kämpfen, och wann dat net op senger Prioritéitelëscht stoung fir dëst Joer. Dat waren zumindest seng Wierder direkt no der Arrivée.
WM-Klassement
1) Thierry Neuville 168 Punkten
2) Sébastien Ogier 141 Punkten
3) Ott Tänak 137 Punkten
...
12) Munster 23 Punkten