Helleng war déi Kéier net am Stock-Car-Féiwer, mee vun e Freideg u waren den Autocross a seng trei Supporter fir de Weekend nieft d'Pist geplënnert.

En internationale Rendez-vous ass dat hei an dat schonn joerzéngtelaang. E Sonndeg waren déi 600 Meter Pist eng extra Erausfuerderung, well grad Leembuedem a Reen, sech net gutt matenee verdroen an deemno och fir top Piloten eng Erausfuerderung.

AC/DC mat hirem "Cover You in Oil" passen ëmmer an dës Kéier zemools, ausser, dass ee Bulli vläicht besser lass gëtt, wéi Ueleg. De Reen hat sech annoncéiert, wéi scho méi wéi eemol dëst Joer wa Stock-Car oder Autocross sollt gefuer ginn.

Matsch gehéiert dozou an ass witzeg, mee nëmme bis op ee gewësse Punkt…a scho guer net wann een d’Saach esou eescht hëlt wéi de Steve Jung, deen, dee Stroossecourse, Rallye, Biergcourse, Stock-Car an Autocross fiert – a villes wënnt.
 
D’Konkurrenz schléift net
 
De Steve Jung trëtt elo an der Spart Autocross un, och hei mam But, ze wannen – natierlech. E Sonndeg hat den 43 Joer ale Champion zwee Géigner: d’Leempist. Duerch d’Geschlidders goung en anere Buggy him an d’Säit an hie gouf 4., amplaz 2. An da geeschtert do nach en Aneren duerch de Rennkalenner: de Ricky Holzleitner, schonn eleng vu senger Statur hier en impressionnante Konkurrent, grad wéi säi Palmarès. Wat um Enn awer zielt, ass d'Frëndschaft ënnereneen, et wier een hei wéi an enger grousser Famill, seet hien.

E Kueb als Talisman konnt d'Pist net retten
 
An da gëtt et jo do nach den Talisman, de Glécksbrénger, deen de Steve Jung geierft huet, well en deenen anere Pech bruecht huet. Hei goung et genee anescht: e Kueb ouni Numm, géing iwwerall mat, well en op senger Säit wier an hie keng Ausfäll méi hat.

E Sonndeg goung et wéi gesot net duer, mee d'Course huet kuerz no 14 Auer du souwisou misse gestoppt ginn, well Helleng net méi ze fueren war. Schued fir de Spektakel, mee dach net terribel schlëmm, wat den Aspekt vum Zesummesinn an der Communautéit ugeet. Um Enn ass de Steve nach vu Plaz 4 op déi 3. gerutscht.

Internationalen Autocross zu Helleng
Déi 600 Meter Pist waren haut eng extra Erausfuerderung wéinst dem ville Reen.