3 Coursse sinn de Weekend am Porsche Carrera Cup Asien gefuer ginn.

Den Dylan Pereira huet de Weekend beim Porsche Carrera Cup Asien eng Victoire gefeiert. Op der fréierer Formel-1-Streck zu Sepang a Malaysia huet de Lëtzebuerger e Samschdeg den Owend d'Nuechtcourse gewonnen. Et war déi zweet Victoire an dëser Saison fir de Lëtzebuerger. De Lëtzebuerger war als Véierten an d'Course gaangen an hat direkt an der Startphas déi decisiv Positioune gutt gemaach.

RTL

© Porsche Carrera Cup Asia

An der éischter Course vum Weekend war de Pereira e Samschdeg als Drëtten ukomm, ma duerch eng Zéng-Sekonne-Strof fir een duerch e Kupplungsprobleem verursaachte Feelstart ass de Lëtzebuerger op déi 15. Plaz zeréckgefall. Duerch eng Safety-Car-Phas um Enn vun der Course war d'Feld extrem no zesummegeréckelt, soss hätt d'Strof net esou vill ausgemaach.

Déi drëtt Course vum Weekend ass op naasser Streck gefuer ginn. Um Enn ass hei déi fënneft Plaz fir de Lëtzebuerger erausgesprongen.

Den Dylan Pereira läit am General op der drëtter Plaz. Déi nächst an zweetlescht Manche vun der Saison ass vum 20. bis den 22. September zu Singapur.

RTL

© Porsche Carrera Cup Asia