Leesch no 2. Plaz beim Bol d'Or Vizeweltmeeschter an der Kategorie Superstock

De Chris Leesch ass am Motorradssport mat senger Ekipp Chromeburner Rac41 Vizeweltmeeschter an der Kategorie Superstock ginn
Mat hirer Honda Fireblade huet d'Ekipp mam 29 Joer ale Lëtzebuerger och déi zweete Plaz an hirer Klass bei der leschter 24 Stonne Course vun der Saison dem legendäre Bol d'Or zu Le Castellet realiséiert.
"Natierlech e bëssen en sentiment de revanche nom leschte Joer, wou dat Ganzt jo e bëssen dramatesch zum Schluss ausgaange war. Dëst Joer da wéinstens emol als Vizeweltmeeschter kënnen heemzegoen, domadder si mer ganz zefridden. Méi wéi verdéngt mengen ech, zwee Podiumen an den zwou 24-Stonnecoursen zu Le Mans an hei um Castelet. Dat do hätt ech virun der Saison sécherlech direkt ënnerschriwwen. An ech konnt a Japan Suzuka entdecken, wat ee vun de groussen Ziler war fir mech dëst Joer. An ech selwer konnt och meng Leeschtung verbessere par rapport vun deene Jore virdrunner."
Bei der "24 Stonne Course Bol d'Or" war d'Ekipp mam Chris Leesch bei der leschter Editioun nodréiglech disqualifizéiert ginn, well den Tank minimal ze grouss war. Dës Kéier huet et also mam Vizeweltmeeschtertitel geklappt. U sech sollt de Lëtzebuerger Motorradpilot an zwou Wochen nach eng Manche vun der franséischer Meeschterschaft fueren, d'Ekipp huet d'Material awer net fir déi Course zesummekritt, esou datt d'Wanterpaus elo e bësse no vir geréckelt ass.