De leschte Weekend stoung d'Final vum franséische Formel-4 Championnat um Programm. Den Chester Kieffer konnt seng 4. Plaz am General knapp verdeedegen.

Um legendäre Circuit vu Paul Ricard sinn déi lescht Coursse vum franséischen F4-Championnat gefuer ginn. Opgrond vum positive Weekend zu Dijon gouf vum Chester Kieffer déi eng oder aner Podiumsplaz ugepeilt. Nom fräien Training gouf et awer nees de battere Constat, dass déi Problemer, déi een eigentlech geléist hat, nees opgetaucht sinn.

Duerch d’Ënnersteiere vu sengem Won konnt den Chester Kieffer an der Qualifikatioun sech a keng gutt Ausgangspositioun bréngen. Mat enger 16. Plaz huet hie sech missen zefridde ginn. De Retard louch bei ganzer 2 Sekonnen op d'Spëtzt.
 
An der éischter Course gouf dowéinst mat engem anere Setup probéiert d’Performance vum Auto ze verbesseren, dat awer ouni Succès. De Lëtzebuerger ass als 15. iwwert d’Arrivée gefuer.
 
Net nëmmen d’Ënnersteiere war e Problem, ma och de Moto hat den Hick. An der zweeter Course vum Weekend huet deen nämlech no zwee Tier de Geescht opginn.
 
Dunn ass d'Wieder um Circuit Paul Ricard ëmgeschloen an duerch de Reen an schwierege Wiederkonditioune war et fir den Chester Kieffer vun der 18. Plaz net vill dran. Den F4-Pilot konnt trotzdeem 4 Plaze gutt maachen an ass als 14. an der leschter Course vun der Saison iwwert de wäisse Stréch gefuer.
 
Den Chester Kieffer huet awer vum Pech vun der Konkurrenz profitéiert, déi zwar Punkte konnten ophuelen, mee de Lëtzebuerger am General net iwwerhuele konnten. Um Enn vun dëser Saison kënnt den Chester Kieffer op déi 4. Plaz am General vum franséische Formel-4 Championnat. Och wann déi zweet Hallschent vun der Saison net ideal gelaf ass, sinn déi zwou Victoiren zu Spa a Lédenon zréckzebehalen.
 
D’Saison fir den Chester Kieffer ass awer nach net eriwwer. Vum 24.-27. Oktober geet hien zu Valencia an Spuenien bei den FIA Motorsport Games un den Depart.