Dylan Pereira: Spektakulären Accident zu Barcelona

© Screenshot Twitter.com / Fanatec GT World Challenge Europe Powered by AWS
Beim Depart vun enger GT3-Course gouf den Dylan Pereira an ee spektakulären Accident verwéckelt. Dem Lëtzebuerger ass näischt geschitt.
Zu Barcelona gëtt dëse Weekend d’Sprintfinal vun der "GT World Challenge Europe" gefuer. Um Samschdeg stoung eng Course iwwert eng Stonn um Programm. Mee direkt beim Depart sollt et ferme rabbelen. Matzendran de Lëtzebuerger Dylan Pereira, dee vun der Startplaz 23 an d’Course gaangen ass
Op den offizielle Fernsee-Biller gesäit een am Hannergrond wéi sech beim Depart zwee Autoe beréieren, an een dovunner no riets an d’Leitplanke gedréckt gëtt. Deen Impakt war esou hefteg, dass den Audi R8 mat der Startnummer 66 zeréck op d‘Pist geschleidert gouf, an direkt ugefaangen huet mat brennen. Op Amateuropnamen erkennt een, dass den Dylan Pereira den Auto trotz de Flame séier konnt verloossen.
De Pilot schwätzt op de Soziale Medie vun engem vun de schwéiersten Accidenter a sengem Liewen. Hie seet esouwuel Audi wéi sengem Team "Attempto Racing" Merci, dass hien dobäi an esou engem séchere Rennauto ënnerwee gewiescht wier. Den Dylan Pereira betount, dass hien ok wier an hofft, dass den Auto fir d’Sonndegcourse erëm gefléckt ka ginn.
No enger Ënnerbriechung gouf d’Course nei gestart. No enger Stonn konnt sech déi däitsch-franséische Pilotekoppel Götz/Gounon op engem Mercedes-AMG GT3 vum belsche Boutson-VDS-Team duerchsetzen.