De Jorge Martin setzt sech am Sprint duerch

© AFP
De Spuenier huet vun der Chute vum Francesco Bagnaia profitéiert a kéint sech domat um Sonndeg de Weltmeeschtertitel sécheren.
De Martin huet sech mat enger Avance vun 0,913 Sekonnen duerchgesat. Hannert him hu säi Landsmann Marc Marquez an den Italiener Enea Bastianini de Podium komplettéiert.
De Weltmeeschter Bagnaia war an der drëtte Ronn gefall an huet de Rescht vun der Course missen nokucken. Am General konnt de Martin seng Féierung op den Italiener mat dësen 12 Punkte weider ausbauen.
D'Avance läit nämlech elo bei 29 Punkten, woumat de Spuenier sech e Sonndeg zum Weltmeeschter kréine kéint. Dofir muss hien 9 Punkte méi wéi de Bagnaia sammelen.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 Jorge Martin Prima Pramac Racing 19:49.230
2 Marc Marquez Gresini Racing MotoGP +0.913
3 Enea Bastianini Ducati Lenovo Team +2.010
4 Alex Marquez Gresini Racing MotoGP +6.575
5 Fabio Quartararo Monster Energy Yamaha MotoGP Team +7.917
De General
MotoGP
1 Jorge Martin Prima Pramac Racing 465
2 Francesco Bagnaia Ducati Lenovo Team 436
3 Marc Marquez Gresini Racing MotoGP 365
4 Enea Bastianini Ducati Lenovo Team 352
5 Brad Binder Red Bull KTM Factory Racing 206