De Max Verstappen séchert sech säi 4. Weltmeeschtertitel

© Image Formula 1 / X
D'Victoire zu Las Vegas huet sech den George Russell op Mercedes geséchert.
Beim faarwegen Nuetsspektakel um Strip vu Las Vegas huet de Max Verstappen säin éischte Matchball genotzt, fir säi véierte WM-Titel perfekt ze maachen. Dem Red-Bull-Pilot ass bei der drëttleschter Course vun der Saison eng fënnefte Plaz duergaangen. Säi leschte Konkurrent ëm de WM-Titel Lando Norris ass net iwwert déi sechste Plaz erauskomm. Domadder kann hien den Hollänner bis un d'Enn vun der Saison net méi afänken.
De Verstappen ass wärend der Course keen onnéidege Risiko agaangen an ass déi 50 Ronnen iwwer feelerfräi bliwwen, esou war de fréizäitege Gewënn vum WM-Titel ni a Gefor.
Fir de Verstappen ass et dee véierten Titel noeneen. Hien ass elo gläichop mam Sebastian Vettel. Vun 2010 bis 2013 hat den Däitschen esou eng Serie fir Red Bull realiséiert.
Beim GP vu Las Vegas gouf et iwwerdeems een Doublé fir Mercedes. De Polesetter George Russell ass eng souverän Start-Zil-Victoire erausgefuer. Op déi zweete Plaz ass de Lewis Hamilton gefuer. De Carlos Sainz op Ferrari huet de Podium komplettéiert.
Elo bleiwen nach zwou Courssen an dëser F1-Saison ze fueren. Den 1. Dezember gëtt am Katar gefuer an déi lescht Manche ass den 8. Dezember zu Abu Dhabi an de Vereenegten Arabeschen Emirater.

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Mark Thompson