Thierry Neuville ass Rallye-Weltmeeschter, Grégoire Munster op Plaz 8

© AFP
Nom Accident vu sengem Teamkolleeg Ott Tänak ass den Thierry Neuville (Hyundai) Rallye-Weltmeeschter - Toyota huet sech de Constructeur-Titel geséchert.
Den Thierry Neuville a säi Co-Pilot Martijn Wydaeghe op Hyundai i20 N Rally1 hunn et gepackt. Si si Rallye-Weltmeeschter 2024. De Hyundai-Duo aus der Belsch huet sech den Titel e Sonndeg bei der Rallye Japan, der leschter Manche vun der Rallye-Weltmeeschterschafft (WRC) 2024 geséchert.
Scho virum Enn vun der Rallye Japan war d'Decisioun gefall. Just den Ott Tänak hätt den Thierry Neuville nach vum Troun stousse kënnen. Den Est louch bis zur 17. Speciale a Féierung, ma dunn hat den Tänak eng Sortie de route an huet sech mat sengem Hyundai i20 N Rally1 iwwerschloen. Den Est a säi Bäifuerer Martin Järveoja si beim Accident net blesséiert ginn, ma de Rallye war fir si eriwwer an domadder och den Dram vum zweete Fuerertitel zanter 2019. Den Neuville konnt dogéint no engem fir hie schwierege Rallye schonn e Sonndeg de Moie fréi (Lokalzäit) säin éischte WM-Titel feieren. Um Enn ass hien op déi 6. Plaz gefuer.
Éischte Belsch an éischte Hyundai-Pilot um WRC-Troun
Et ass an der Geschicht vun der WRC deen éischte Fuerertitel fir e Belsch wéi och fir e Hyundai-Pilot. "Éierlech gesot war dat eng Iwwerraschung. Ech weess guer net, wat ech elo soe soll, ma ech denken, mir hunn et verdéngt", sou den Neuville an enger éischter Reaktioun géintiwwer Rally.TV.
An der Constructeur-Wäertung sollt et um Enn fir Hyundai net duergoen. Duerch den Ausfall vum Tänak ass et de Piloten Elfyn Evans (Plaz 1 a Japan), Sébastien Ogier (2) an Takamoto Katsuta (4) gelongen, fir Toyota den Titel bei de Constructeuren ze sécheren. Et ass dee véierten Titel noeneen.
Grégoire Munster am WM-Klassement op Plaz 8
De Grégoire Munster huet zesumme mat sengem Co-Pilot Louis Louka op Ford Puma Rally1 a Japan nach emol Punkte gesammelt. Si sinn um Enn op déi 5. Plaz gefuer an haten e Réckstand vu ronn 3 Minutten op d'Gewënner Elfyn Evans / Scott Martin op Toyota (GR Yaris Rally1). De Podium komplettéiert hunn de Sébastien Ogier / Vincent Landais op Toyota an de Adrien Fourmaux / Alexandre Coria op Ford.
De Grégoire Munster, deen déi Lëtzebuerger an déi belsch Nationalitéit huet, kënnt um Enn am WM-Klassement op déi 8. Plaz. Hien ass a Japan ee vu senge stäerkste Rallyë gefuer, virun allem um Samschdeg. Hei war op der 10. Special souguer no drun, eng éischte Kéier eng Beschtzäit ze fueren. Just den Elfyn Evans um Toyota Yaris war hei méi séier wéi hien, dat mat 12min04,3 fir déi 16,47 Kilometer. Hannendru kommen zäitgläich de Grégoire Munster an den Ott Tänak, dat mat 3 Sekonne Réckstand.
Op der 16. Special ass en déi drëttséiert Zäit gefuer, dat am Toyota Stadium.

Virun der leschter Manche a Japan loucht de Munster op der 10. Plaz, ma de Spuenier Dani Sordo war a Japan net um Depart an de Sami Pajari ass an der WRC2-Kategorie op Toyota GR Yaris Rally2 gestart. Duerch seng 5. Plaz konnt de Lëtzebuerg souwuel de Sordo wéi och de Pajari nach iwwerhuelen.
Ob de Grégoire Munster och d'nächst Saison an der WRC nach vertrueden ass, ass bis ewell net gewosst.
1.Evans El. Toyota Gazoo Racing WRT 3:23:41.0
2. Ogier S. Toyota Gazoo Racing WRT +1:27.3
3. Fourmaux A. M-Sport WRT +1:55.5
4. Katsuta T. Toyota Gazoo Racing WRT +2:02.6
5. Munster G. M-Sport WRT +3:11.5
6. Neuville T. Hyundai Motorsport +6:54.1
7. Gryazin N. Gryazin N. +10:04.3
8. Pajari S. Printsport Racing +11:50.8
9. Arai H. Ahead Japan RT +13:24.3
10. Greensmith G. Toksport WRT 3 +14:15.8
D'WM-Klassement
1.Neuville T. 242
2. Evans E. 210
3. Tänak O. 200
4. Ogier S. 191
5. Fourmaux A. 162
6. Katsuta T. 116
7. Rovanperä K. 114
8. Munster G. 46
9. Sordo D. 44
10. Pajari S. 44