Fir den Alessandro Ghiretti ass et no Monza 2024, déi zweet Victoire am Super Cup iwwerhaapt.

De Start vun der Course zu Barcelona hätt sech de Polesetter Flynt Schuring sécherlech anescht virgestallt:
Nodeems hien net optimal fortkomm ass, huet sech de CLRT-Rookie direkt an der éischter Kéier verbremst a soumat wichteg Positioune verluer.

Dëse Mëssel sollt awer sengem Teamkolleeg Alessandro Ghiretti an d’Kaarte spillen. De Pilot aus dem Porsche Junior Programm huet direkt d’Spëtzt iwwerholl an d'Course a sengem Tempo duerchgezunn – vum éischte bis zum leschte Meter.
 
Hannert dem Fransous, ass et zumools an der Ufanksphas, tëscht de Lechner-Pilote Robert de Haan a Marvin Klein esou hëtzeg hiergaangen, datt dacks kee Blat méi tëscht hier zwee Bolide gepasst huet.
Déi zwee nei Teamkolleegen hunn sech en intensiivt Duell geliwwert a sech dobäi net geschenkt.
 
Net de beschte Weekend hat de Leader am Klassement, Theo Oeverhaus, deem seng séier Zäit an der Qualifikatioun wéint Tracklimits gestrach gouf, an hien doduerch nëmmen als 13. an d’Course gaangen ass. Um Enn ass et fir hien nëmme fir eng néngte Plaz duergaang.

Mat dëser Victoire klëmmt den Alessandro Ghiretti am Général vun der 11. op déi 2. Plaz erop – just nach 10 Punkten hannert dem Oeverhaus an engem Punkt virum de Haan.

Weider geet et fir d’Pilote vum Porsche Super Cup den 29. Juni zu Spielberg an Éisträich. RTL Play iwwerdréit déi Course – wéi gewinnt – live.