De Weekend vum 7.an 8. Juni war de Steve Jans am Kader vun der International GT Open um Hockenheimring an Däitschland am Asaz.

Samschdes am Qualifying konnt säin Teampartner Aaron Walker eng gutt 2. Plaz an der ProAm-Kategorie erausfueren, wat gläichbedeitend war mat Plaz 9 an der Startopstellung. An der 1. Course gouf et vill Zweekämpf an an enger éischter Phas ass de Mercedes AMG GT3 dann och liicht zeréckgefall. De Steve Jans konnt a sengem Stint awer nees eng Partie Iwwerhuelmanöver realiséieren a packt et nach op Plaz 8 am Generalklassement. Méi wichteg awer war d'Victoire an der ProAm-Kategorie, woumat et beim drëtte Laf déi zweet Victoire gëtt.

Déi Victoire huet awer och negativ Konsequenzen, well duerch hir Victoiren zu Spa an elo um Hockenheimring kréie se eng maximal Handicap-Zäit vun 20 Sekonne fir den obligatoresche Boxestopp um Sonndeg.

De Qualifying um Sonndeg sollt d'Saach dann och net méi einfach maachen. Et huet stänneg gereent a Gripp war net wierklech op der Streck ze fannen. De Steve Jans ass dann och net iwwert eng 8. Plaz an der ProAm-Kategorie komm a Plaz 20 am Generalklassement. Keng optimal Viraussetzunge fir d'Course. De Steve Jans konnt sech bis op Plaz 16 no vir kämpfen a beim Boxestopp huet d'Getspeed-Team op Slicks gewiesselt. Dat sollt déi richteg Decisioun sinn, ma duerch en Dréier vum Aaron Walker si se nees zeréckgefall. Um Enn war et Plaz 22 am General a Plaz 7 an der ProAm. Dat waren op d'mannst nach 3 wichteg Punkten fir d'Championnat.

RTL

Et wier een alles an allem zefridde mam Weekend an elo konzentréiert ee sech voll a ganz op de Recht vun der Saison an do dem Titelgewënn.

Weider geet et de Weekend vum 6. Juli um Hungaroring.