McLaren wäert och 2026 an hire gewinnte Faarwen un den Depart goen an och soss probéiert een an enger mouvementéierter Phas op Kontinuitéit ze setzen.
No enger bal perfekter Saison mat der Victoire vum Constructeur- a Piloten-Titel bleift d’Richtung fir McLaren och 2026 déi nämmlecht. Och dëst Joer solle Lando Norris an Oscar Piastri erëm ëm d’Kroun an der Kinneksklass vum Motorsport fuere kënnen, dat awer am beschten ouni sech an all Course géigesäiteg an den Auto ze fueren.
Genee deen Auto war an den Tester zu Barcelona nach Schwaarz lackéiert. Ännere sollt sech dat allerdéngs dëse Méindeg. Do huet d’Ecurie an engem Livestream hir Lackéierung fir den MCL40, wéi de Bolid dës Saison heesche wäert, presentéiert. Geännert huet sech op den éischte Bléck net wierklech eppes um Design. Et ass ee bei der Ecurie der Faarf Orange - oder am McLaren-Langage “Papaya” - trei bliwwen an och bei der Positionéierung vun de schwaarzen Akzenter huet een d’Rad net nei erfonnt.
Fir de CEO vun der Ekipp, de Zak Brown, soll dat een Zeeche fir Kontinuitéit sinn: “Mir sinn immens houfreg, den 2026er Bolid presentéieren ze kënnen. Déi ikonesch Papaya bleift och fir den MCL40, wärenddeem mir eis Traditioun vu Lackéierunge mat Champion-Charakter och an der neier Saison behale wäerten. Mir hu probéiert, d’Course-Performance an de Vierdergrond ze réckelen, also eng Balance tëscht dem Kreativen an der Aerodynamik ze fannen, fir dësen Auto ze bauen.” Donieft setzt een dann och an der neier Saison weiderhin op Mercedes-Motoren, déi jo als déi favoriséiert Motore gehandelt ginn.
Favoriséiert gëtt awer net nëmmen de Motor, deen am MCL40 verbaut gouf, mee och d’Piloten, déi mam neien Auto ënnerwee wäerte sinn. Genee wéi zejoert sëtzen de Lando Norris an den Oscar Piastri fir Papaya am Cockpit. De Lando Norris probéiert dobäi op en Neits Weltmeeschter ze ginn, wärend den Oscar Piastri et dës Saison besser maache wëll wéi zejoert. 2025 hat gutt ugefaange fir den Australier, d’Form hale konnt hien an der Course mam Norris awer net.
Optimistesch ass den Oscar Piastri awer op alle Fall: “Mir hunn eng grouss Erausfuerderung virun eis mat den neie Reegelen, mee ech gi mat vill positiver Energie an dës nei Era vun der Formel 1 an ech probéiere se voll ze attackéieren. Mir hu vill geléiert an der leschter Saison, ech fille mech méi staark an ech kucken no vir op dat, wat ech dëst Joer erreeche kann.”
An och de Lando Norris probéiert, positiv ze denken: “Fir de Piloten-Titel mat enger Ecurie ze gewannen, bei där ech zanter dem Ufank sinn, war immens schéin. Mir sinn den amtéierende Champion an ech sinn extrem gespaant fir ze gesinn, wat ech dës Saison erreeche kann.”