Éischte Podium fir den Chester Kieffer

© isphoto
De Lëtzebuerger stoung zu Spa (B) net nëmmen als beschte Rookie, mee och eng éischte Kéier als Drëtten um Podium.
De leschte Weekend hat um legendäre Circuit zu Spa-Francorchamps net ideal fir den Chester Kieffer ugefaangen. De Pilot vu Schumacher CLRT konnt sech a sengem Porsche 911 GT3 Cup fir d'Plazen 8 a 5 qualifizéieren.

© isphoto
An der éischter Course gouf den Chester Kieffer fréi an der Course gedréint. Zu Spa ass de Circuit wuel iwwer 7 Kilometer laang, mee et ass net evident ze iwwerhuelen. Eng Safety-Car-Phas sollt awer hëllefen, fir e bessert Resultat ze realiséieren. Um Enn ass den aktuell beschte Rookie vum Porsche Carrera Cup Frankräich nach als Aachten iwwert de wäisse Stréch gefuer. Gewonne gouf d'Course vum Fransous Mathys Joubert. De Podium komplettéiert hunn de Südafrikaner Keagan Masters an de Finn Marus Amand.

© isphoto
An der zweeter Course sollt dem Chester Kieffer en excellente Start geléngen. Souwuel de Fransous Marvin Klein wéi och de Südafrikaner Keagan Masters konnt hien iwwerhuelen, fir sech nom éischten Tour op der drëtter Plaz erëmzefannen. Déi sollt de Lëtzebuerger och bis un d’Enn vun der Course verdeedegen, fir hannert deenen zwee Fransouse Mathys Joubert a Louis Perrot unzekommen, déi d'Victoire ënnert sech ausgemaach hunn.

© isphoto
No dëser drëtter Manche vum Porsche Carrera Cup Frankräich steet den Chester Kieffer am General mat 61 Punkten op der siwenter Plaz. Am Rookie-Klassement huet de Pilot vu Schumacher CLRT op der éischter Plaz eng Avance vun 32 Punkten op deen Zweeten Enzo Joulie aus Andorra.
Déi nächste Coursse vum Porsche Carrera Cup Frankräich gi Mëtt Juli zu Misano an Italien gefuer.