Lancia schléisst net aus, zeréck an d'Kinneksklass vum Rallyesport ze kommen

De Miki Biasion huet eng ganz kloer Meenung, a wéi eng Richtung et mat der WRC misst goen. / © Andy Brücker
En Juni hunn déi Responsabel vu Lancia an engem Interview mat RTL net ausgeschloss, dass een déi legendär Mark nees kéint an der Rallye-WM gesinn.
Bis dohinner ass et awer nach e laange Wee. Alles géif dovunner ofhänken, wéi d'Reglement fir d'WRC am Joer 2027 ausgesäit. Aktuell gëtt et do nach keng kloer Richtung.
Déi 3 Teams, déi aktuell an der Rallye-WM Autoen asetzen, Toyota, Hyundai an M-Sport, hunn ënnerschiddlech Interessien, wéi d'Reglement soll ausgesinn. Jee nodeem a wéi eng Richtung et geet, kéint et geschéien, dass déi eng oder aner Mark sech zeréckzitt. Sollt dat geschéien, gesäit et düster aus fir d'Zukunft an der Kinneksklass vum Rallyesport.
Déi eng wëllen, dass et bleift wéi et ass, anerer wëllen den Hybrid-Undriff zeréck am Auto hunn an nach anerer schwätze sech fir eng nei Formule aus. Do gëtt zum Beispill och d'Iddi an d'Spill bruecht, dass een op Basis vun den aktuelle Rally2-Autoe sollt opbauen, an heivir zum Beispill en KIT entwéckelen, fir déi Autoen ouni groussen Opwand méi séier a méi effikass ze maachen.
Miki Biasion gesäit d'Zukunft an engem Upgrade vun der Rally2
Dat ass och d'Iddi, déi den zweefache Rallye-Weltmeeschter Miki Biasion fir déi richteg hält. Esou kéint ee vill méi Marken uschwätzen, nieft Toyota, Hyundai a Ford, déi alleguerten och Autoen an där Kategorie hunn. Da kéimen zum Beispill nach Marke wéi Skoda oder Citroën dobäi, déi och Rally2-Autoen asetzen. Zil misst et sinn, d'Käschten no ënnen ze drécken.

Aktuell huet Lancia grousse Succès bei der Vente vum Lancia Ypsilon Rally4 HF. Nei um Marché ass den Lancia Ypsilon HF Racing, deen an der Rally6-Kategorie agesat ginn. Béid si Fronttriebler. Kënnt an Zukunft och nach en Allrad am Rally3, Rally2 oder souguer Rally1? / © Andy Brücker
De Miki Biasion huet gemengt, d'Rallye-WM misst Piloten ureegen ze dreemen... ze dreemen och emol Rallye-Weltmeeschter ze ginn. Wann awer duerch ze wéineg Marken a Cockpiten an der Kinneksklass just ëmmer eng Hand voll Piloten a Fro kéimen, sech den Titel ze sécheren, da géifen och manner jonk Pilote sech beméien emol an d'Positioun ze kommen, ganz vir matzekämpfen. Dat ass nämlech alles mat enormem finanziellen Opwand verbonnen. Et misst een d'Käschten deemno nees reduzéieren an doduercher de Rallyesport nees méi attraktiv maachen, esou de Biasion.
Wann een zum Beispill en aktuelle Rally2-Auto kéint duerch e Kit opwäerten... da géifen eventuell vill aner Pilote sech dem Challenge stellen. Da kéint och e Pilot aus engem Privatteam emol seng Chance kréien ëm den Titel matzefueren, wat d'Rallye-WM da vill méi spannend a vill méi interessant och fir de Public géif maachen. An dat wier da forcement vill méi interessant fir d'Autosmarken, well se dann hir Produite vill besser vermaarte kéinten.
Ob dat awer elo de Wee ass, deen och Lancia géif wëlle goen, dat gouf am Gespréich mam Lancia-Markebotschafter Miki Biasion net bestätegt. Hien huet just gesot, dass dat seng perséinlech Meenung wier.
Vun de Lancia-Responsabele war et just d'Ausso, dass deemno wéi eng Decisioun am Hierscht geholl gëtt, wat d'Rallye-Reglement fir 2027 ugeet, ee sech als Lancia och géif iwwerleeën eventuell en Auto wëllen z'entwéckelen, deen nees an der Kinneksklass kéint matfueren.
Lancia huet jo eng grouss Geschicht an der Rallye-Weltmeeschterschaft. Net manner wéi 10 mol huet d'Mark aus Italien d'Rallye-WM gewonnen.

© Andy Brücker
Elo léisst een de bekannte HF-Logo nees am Rallyesport opliewen, an et dierf ee gespaant sinn, ob an de kommende Joren eventuell nach weider Modeller virgestallt ginn... an een den Numm och nees a Relatioun mat der Rallye-Weltmeeschterschaft héiert. Et wier sech ze wënschen, dass déi legendär Mark nees un hir Succèsen aus de 70er, 80er an 90er Jore kéint uknäppen. A wie weess... vläicht zitt dat och nees aner Autosmarken un.