Zu Oschersleben an Däitschland ass de Weekend de fënnefte GP vun der Saison an der NASCAR Euro Series.

De Lëtzebuerger Gil Linster geet an der NASCAR Euro OPEN mat der Startnummer 30 un den Depart, dat op engem Ford Mustang vum Team Rette Jones Racing.

An der EuroNASCAR stinn dës Saison 7 Course-Weekender um Programm. D'Coursse vun der EuroNASCAR gi live op RTL.lu, der App an RTL Play iwwerdroen.

NASCAR Euro OPEN - RACE 1, mir iwwerdroen de Programm op RTL.lu an um RTL Play.

Samschdeg, 20. September 2025:
Ufank vun der Emissioun: 16h55
Course: 17h20
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 18h20

NASCAR Euro OPEN - RACE 2, mir iwwerdroen de Programm op RTL.lu an um RTL Play.

Sonndeg,  21. September 2025:
Ufank vun der Emissioun: 10h35
Course: 11h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 12h00

De weidere Programm

RTL

An Amerika gëtt haaptsächlech am Oval gefuer, an Europa ass awer just d'Streck zu Venray an Holland en Oval. Déi aner Strecke sinn normal Circuitsstrecken.