De Marc Marquez an de Marco Bezzecchi sinn de Weekend an hirer eegener Liga gefuer.

De Marc Marquez (Ducati) huet sech e Sonndeg no sengem Ausfall am Spint e Samschdeg op eng beandrockend Aart a Weis zeréckgemellt an huet de Grousse Präis vu San Marino virum Pole-Setter an dem Sprint-Gewënner Marco Bezzechhi (Aprilia) gewonnen. Drëtten ass säi Brudder Alex Marquez (Ducati) ginn.

Fir de Marc Marquez war et well déi eeleft Victoire bei der 16. Course an dëser Saison. Mat engem Virsprong vun 182 Punkten op den Alex Marquez huet de Marc Marquez bei der nächster Course a Japan säin éischte Matchball.

De sechsfache MotoGP-Weltmeeschter hat sech e Sonndeg laang mam Bezzecchi duelléiert, ier den Italieener de Marquez no engem Feeler hat misse passéiere loossen.

An der Moto2 huet sech den Celestino Vietti no enger staarker Leeschtung d'Victoire geséchert. Zum Schluss war et awer nach emol spannend ginn, well de Barry Baltus mat grousser Vitess vun hannen ëmmer méi opgeholl huet. Um Enn ass hien awer den Zweete ginn. Op de Podium huet et nach den Daniel Holgado gepackt.

An der Moto3 huet sech de WM-Leader Jose Antonio Rueda behaapt. Op d'Plazen 2 an 3 sinn de Maximo Quiles an den Adrian Fernandez gefuer.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 M. Marquez Ducati Lenovo Team 41:20.898
2 M. Bezzecchi Aprilia Racing +0.568
3 A. Marquez BK8 Gresini Racing MotoGP +7.734
4 F. Morbidelli Pertamina Enduro VR46 Racing Team +10.379
5 F. Giannantonio Pertamina Enduro VR46 Racing Team +11.330

Moto2

1 C. Vietti Beta Tools SpeedRS Team 35:03.863
2 B. Baltus Fantic Racing Lino Sonego +0.747
3 D. Holgado CFMOTO Inde Aspar Team +3.911
4 D. Moreira Italtrans Racing Team +4.246
5 1S. Agius LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP +7.973

Moto3

1 J. Rueda Red Bull KTM Ajo 33:48.906
2 M. Quiles CFMOTO Gaviota Aspar Team +0.113
3 A. Fernandez Leopard Racing +0.117
4 J. Kelso LEVELUP-MTA +0.164
5 A. Piqueras FRINSA - MT Helmets - MSI +0.456

De General

MotoGP

1 M. Marquez Ducati Lenovo Team 512
2 A. Marquez BK8 Gresini Racing MotoGP 330
3 F. Bagnaia Ducati Lenovo Team 237
4 M. Bezzecchi Aprilia Racing 229
5 P. Acosta Red Bull KTM Factory Racing 188

Moto2

1 M. Gonzalez LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP 227
2 D. Moreira Italtrans Racing Team 188
3 A. Canet Fantic Racing Lino Sonego 188
4 B. Baltus Fantic Racing Lino Sonego 173
5 J. Dixon ELF Marc VDS Racing Team 152

Moto3

1 J. Rueda Red Bull KTM Ajo 295
2 A. Piqueras FRINSA - MT Helmets - MSI 217
3 M. Quiles CFMOTO Gaviota Aspar Team 188
4 D. Muñoz LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP 172
5 A. Carpe Red Bull KTM Ajo 155