Sébastien Ogier iwwerhëlt no Victoire am Chile d'WM-Féierung

© AFP
E Sonndeg ass sech um leschten Dag vun der Rallye Chile ëm d'Féierung am WM-Klassement gestridde ginn.
No der leschter Manche stoung déi 5. Victoire dës Saison fir de Sébastien Ogier am Toyota fest, dee sech e Sonndeg mat 11 Sekonne viru sengem Teamkolleeg Elfyn Evans an dem Adrien Fourmaux behaapte konnt.
Am WM-Klassement iwwerhëlt de Fransous domadder d'Féierung an huet weider gutt Chancen op säin 9. WM-Titel, mat deem hie mam aktuelle Rekordweltmeeschter Sebastian Loeb gläichzéie géif. Den Ecart op den Zweeten Evans ass dräi Rallye-Weekender viru Schluss awer nëmmen zwee Punkte grouss.
Fir de Lëtzebuerger Grégoire Munster ass am Chile déi 8. Plaz mat engem Retard vun 2:44.1 Minutten erauskomm.
Weider geet et vum 16. bis den 19. Oktober mat der zentraleuropäescher Rallye, déi iwwer Makadamm vu Passau aus duerch Däitschland, Éisträich an Tschechien geet.