Plaz 2 fir de Steve Jans an der Pro-Am-Klass bei den 1000km vu Suzuka

No senge gudde Resultater an der International GT Open hat de Lëtzebuerger Steve Jans elo d'Chance kritt sech a Japan mat de Profien ze moossen.
Hie war vu sengem Team GetSpeed invitéiert ginn, fir bei den 1000km vu Suzuka a Japan unzetrieden, dat am Kader vun der Intercontinental GT Challenge. Hien ass hei mam Anthony Mcintosh an dem Philip Ellis op engem Mercedes-AMG GT3 EVO an der Pro-Am-Kategorie ugetrueden.

De Qualifying ass gutt gelaf a si konnte sech op Plaz 3 an hirer Klass eng gutt Ausgangspositioun sécheren. De Steve Jans ass dann och de Start gefuer an e konnt nawell gutt mathale mat de professionelle Piloten. E konnt wärend sengem Stint dann och déi 3. Plaz an der Klass verdeedegen.

Duerno war et un den Häre Mcintosh an Ellis fir weider Plaze gutt ze maachen, an dat ass hinnen och gelongen. Si konnte sech tëschenzäitlech souguer Plaz 1 sécheren. Och de Steve Jans konnt bei sengem zweete Stint déi Féierung verdeedegen. Um Enn vun der Course huet allerdéngs déi néideg Chance gefeelt. Et ass zu enger Full-Course-Yellow-Phas komm, wärend där hir Konkurrente konnten hire Boxestopp maachen. D'Team vum Steve Jans konnt awer eréischt duerno an d'Box fueren, wouduerch se 30 Sekonnen op hire Konkurrente verluer hunn an op Plaz 2 zeréckgefall sinn.
Um Enn vun den 1.000km um Circuit zu Suzuka a Japan hu just 3,279 Sekonnen op d'Victoire an der Pro-Am-Klass gefeelt. Gewonnen hunn hei d'Hären Jonathan Hui, Kevin Tse a Ben Barnicoat, och op Mercedes-AMG GT3 EVO.
Am Generalklassement ass et Plaz 18.
D'Gesamtvictoire geet un d'Team WRT mat Raffaele Marciello, Kelvin van der Linde a Charles Weerts op BMW M4 GT3, viru Laurens Vanthoor, Kevin Estre a Patrick Pilet op Porsche 911 GT3 R an Alexander Sims, Nick Catsburg a Scott Mc Laughlin op Corvette Z06 GT3.R.
PDF: Generalklassement vun den 1000km vu Suzuka
GT-Open
Vill Zäit sech z'erhuelen, huet de Steve Jans awer net. Nodeems hie mat sengem Team beim 6. Lauf vun der GT-Open-Meeschterschaft um Red Bull Ring zu Spielberg Plaz 2 an der Pro-Am-Klass feiere konnt, si si elo nees Leader am Championnat, dat mat zwee Punkte Virsprong op hir Konkurrenten.
Hei geet et deemno de Weekend vum 20.-21. September um Circuit zu Barcelona ëm weider wichteg Punkten an der Meeschterschaft, éier Mëtt Oktober d'Decisioun zu Monza dierft falen.
