De WM-Dräikampf spëtzt sech weider zou. Beim Sprint-Weekend zu São Paulo kéinten Norris, Piastri a Verstappen nach méi no beienee réckelen.

Kann de Verstappen säi São-Paulo-Exploit vun zejoert widderhuelen? 2024 ass den Hollänner am brasilianesche Ree vu 17 op 1 gefuer. Et war säi Meeschterstéck am WM-Duell géint den Norris. Och dëst Joer kéint zu Interlagos eng wichteg Virentscheedung falen. De Circuit misst de McLaren besser leien – wann et dresche bleift. Am Reen riskéiert de Verstappen seng Konkurrenz erëm ze deklasséieren. An d’Meteo zu São Paulo ass wierklech onberechenbar! Och fir dëse Weekend sinn ëmmer erëm Schauere gemellt. Wiem spillt d’Wieder an d’Kaarten: McLaren oder Verstappen?

Eng weider Inconnue: och d’Géigner vu Ferrari a Mercedes kéinten am WM-Kampf dotëschent funken, an deem engen oder aneren Titelkandidat wichteg Punkten ewechhuelen.

Suivéiert de FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2025 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.

Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl

D'Analyse vum RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl

Interlagos ass Samba – op den Tribüne genee esou wéi um Circuit. Et ass eng vun deenen organesche Strecken, wou Flow gefuerdert gëtt, wou d’Passagen natierlech aneneen iwwerginn an d’Balance vum Auto an d'Vertraue vum Pilot entscheedend ass.
 
Mat zwou gudden Iwwerhuelméiglechkeeten (T1 an T4) an onberechenbarem Wieder bitt Interlagos ëmmer erëm spannend Course a war schonn dacks Zeie vu spektakuläre Grand-Prix. 
2024 gouf de Circuit nei macadamiséiert, an et gouf vill Graining am fräien Training. Duerch déi naass Course krute mer awer kee Bild op d'Pneuen elo halen oder auserneefalen. Nodeems de Belag ee weidert Joer gealtert ass, misst de Circuit an déi méi konservativ Mëschunge vu Pirelli fir eng zolidd Koalitioun suergen. Fir dëst Joer gouf wuel erëm e bësse Makadamm geluecht, awer nëmmen op der Riichter, esou dass dat keng Konsequenzen op de Graining huet.
 
Um Pabeier ass et eng Streck, déi vill Downforce tëscht T4 an T12 verlaangt, mee gläichzäiteg och héijen Topspeed op der laanger Riichter. Am Qualifying geet dee Spagat nach, well d’DRS-Zonen e grousse Flillek zouloossen, mee an der Course kann dat en Nodeel sinn. An de leschte Wochen huet sech gewisen, dass Red Bull an deem Beräich méi effizient ass wéi McLaren – mam DRS, deen ongeféier 33 % vum Loftwidderstand reduzéiert, wärend et bei McLaren nëmmen ëm déi 22 % ass. Kann dem Max seng Ecurie domadder erëm optrompen an d’McLaren nach méi ënner Drock setzen?

RTL

© Mercedes-AMG PETRONAS F1 Team

Login, fir d'Formel 1 am Stream op RTL PLAY ze kucken

Wéinst de méi strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d'F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d'Livestreamen an d'Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm a -Passwuert aloggen. Och an Zukunft brauch een awer wuelverstanen näischt fir d'Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.

Programm

Sprint, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 8. November 2025:
Ufank vun der Emissioun: 14h45
Start vum Sprint: 15h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 15h45
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl

Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 8. November 2025:
Ufank vun der Emissioun: 18h55
Start vun der Qualifikatioun: 19h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 20h10
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl

Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE  um RTL Play

Sonndeg, 9. November 2025:
Ufank vun der Emissioun: 17h15
Depart vun der Course: 18h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 21h30
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl

Saison-Kalenner 2025

7. bis 9. November: FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2025
Autódromo José Carlos Pace - Brazil

21. bis 24. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2025
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas

28. bis 30. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2025
Lusail International Circuit - Qatar

5. bis 7. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2025
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi