Moto GPDe Marc Marquez wënnt och beim Grousse Präis vun Australien

RTL Lëtzebuerg
Fir déi 5. Kéier hannerteneen steet de Marc Marquez (Honda) ganz uewen um Podium. Och an Australien war kee Kraut géint de Spuenier gewuess.

De Weltmeeschter huet sech géint de Cal Cruchtlow (LCR-Honda) an den Jack Miller (Pramac-Ducati) duerchgesat.

An der leschter Ronn war de Maverick Vinales op senger Yamaha gefall, nodeems dee länger Zäit a Féierung loung.

Am Duell géint de Marquez huet de Vinales dunn awer iwwerdriwwen an hien ass mat engem Highsider vu senger Maschinn geflunn an d’Course war e puer Meter virun Enn eriwwer fir de Vinales.

Et war déi 11. Victoire fir dës Saison fir de Marc Marquez, an déi 55. op Honda. Domat huet hien en neie Rekord opgestallt an zitt laanscht de Mick Doohan, dee 54 Mol op Honda gewanne konnt.

MotoGP: 11. Victoire fir de Marc Marquez (Honda)
De Weltmeeschter huet sech géint de Cal Cruchtlow (LCR-Honda) an den Jack Miller (Pramac-Ducati) duerchgesat.

Resultat vum Australian-GP

Pos.FuererLandTeamMotorradKm/hZäit/Réckstand
1Marc MARQUEZSPARepsol Honda TeamHonda176.940'43.729
2Cal CRUTCHLOWGBRLCR Honda CASTROLHonda176.0+11.413
3Jack MILLERAUSPramac RacingDucati175.8+14.499
4Francesco BAGNAIAITAPramac RacingDucati175.8+14.554
5Joan MIRSPATeam SUZUKI ECSTARSuzuki175.8+14.817
6Andrea IANNONEITAAprilia Racing Team GresiniAprilia175.8+15.280
7Andrea DOVIZIOSOITADucati TeamDucati175.8+15.294
8Valentino ROSSIITAMonster Energy Yamaha MotoGPYamaha175.7+15.841
9Alex RINSSPATeam SUZUKI ECSTARSuzuki175.7+16.032
10Aleix ESPARGAROSPAAprilia Racing Team GresiniAprilia175.7+16.590
11Franco MORBIDELLIITAPetronas Yamaha SRTYamaha175.1+24.145
12Pol ESPARGAROSPARed Bull KTM Factory RacingKTM175.0+26.654
13Johann ZARCOFRALCR Honda IDEMITSUHonda175.0+26.758
14Karel ABRAHAMCZEReale Avintia RacingDucati173.7+44.912
15Hafizh SYAHRINMALRed Bull KTM Tech 3KTM173.7+44.968
16Jorge LORENZOSPARepsol Honda TeamHonda172.2+1'06.045
Net gewäert
Maverick VIÑALESSPAMonster Energy Yamaha MotoGPYamaha177.01 Runde
Mika KALLIOFINRed Bull KTM Factory RacingKTM173.23 Runden
Tito RABATSPAReale Avintia RacingDucati165.924 Runden
1. Ronn net fäerdeg gefuer
Fabio QUARTARAROFRAPetronas Yamaha SRTYamaha 0 Runde
Danilo PETRUCCIITADucati TeamDucati 0 Runde

Weider geet et den 3. November beim Grousse Präis vu Malaysia, éier déi lescht Course vun der Saison dann den 17. November zu Valencia gefuer gëtt.

Back to Top
CIM LOGO