Rallye du Chablais (CH)Grégoire Munster wënnt op Hyundai i20 N Rally2

Andy Brücker
No enger zweeter Plaz beim Sezoensrally an der Belsch, war et um leschte Weekend am Mee eng Victoire an der Schwäiz.
© Baptiste Aebi

Nodeems de Grégoire Munster seng Plaz am Cockpit bei M-Sport Ford an der Rallye-WM verluer huet, ass hien elo virun allem nees op Hyundai i20 N Rally2 ënnerwee. Beim Monteberg-Rallye Ufank Mee hat et laang Zäit no enger Podiumsplatzéierung ausgesinn. Allerdéngs waren hien a säi Copilot Diederik Pattyn mam i20 vun der Strooss ofkomm an houngen iwwer 15 Minutten an engem Gruef fest. Si konnten de Rallye zwar nach fäerdeg fueren, ma um Enn war et just Plaz 49. Dëst war awer e gudden Test fir de Sezoensrally Mëtt Mee, enger Manche vum belsche Rallyechampionnat.

Mat 6 Beschtzäite bei 12 Speciallen huet de jonken COSL-Athlet bewisen, dass mat him ëmmer nach ze rechnen ass, och op engem Auto, deen aktuell net zu de stäerksten am Rally2-Feld zielt. Um Enn war et dann och Plaz 2 am Generalklassement fir Grégoire Munster an Damien Withers, nëmmen 9,8 Sekonnen hannert dem Gewënner-Duo Maxime Potty / Renaud Herman op Skoda Fabia RS Rally2.

Fir am Rhythmus ze bleiwen, stoung Enn Mee dann e weidere Rallye um Programm, déi Kéier an der Schwäiz. De Rallye du Chablais ass de Grégoire Munster mam Maxime Andernack gefuer, wat eng Première war. De Maxime ass ee vum Grégoire senge beschte Kolleegen, ma bis op e gemeinsamen Test souzen déi zwee nach ni zesumme bei engem Rallye an engem Auto. Deementspriechend grouss war dann och d'Freed um Schlusspodium. Déi zwee konnte mam Hyundai i20 N Rally2 net manner wéi 13 vun de 15 Beschtzäiten huelen. Um Enn war et eng dominant Victoire mat iwwer 38 Sekonne Virsprong op Plaz 2. D'Plazen 2 bis 6 waren iwwerdeems all mat Skoda Fabia RS Rally2 besat.

Mat dëser Gesamtvictoire geet de Grégoire Munster elo mam néidege Selbstbewosstsinn un den Depart vum Ypres Rally Enn Juni, dann nees mam Damien Withers u senger Säit. Hei geet et rëm ëm Punkten fir dat belscht Rallye-Championnat.

Lëtzebuerger Nationalhymn gëtt um Podium um Rallye du Chablais gespillt.
De Grégoire Munster gewënnt de Rallye op Hyundai i20 N Rally2.

Back to Top
CIM LOGO