MotoGPSouverän Start-Zil-Victoire fir de Marco Bezzecchi

RTL Lëtzebuerg
Fir den Italieener vun Aprilia Racing ass et déi éischte Victoire zu Mugello. De Podium komplettéieren de Jorge Martin a Francesco Bagnaia.
Team Aprilia Racing's Marco Bezzecchi celebrates with his team after the Italian Moto GP Grand Prix at Mugello circuit, in Mugello, near Florence, on May 31, 2026. (Photo by Andreas SOLARO / AFP)
De Marco Bezzecchi gëtt vu sengem Team gefeiert.
© AFP

Um Autodromo Internazionale zu Mugello an Italien huet de Marco Bezzecchi seng Féierung an der drëtter Ronn wuel un de Francesco Bagnaia missen ofginn, huet sech 10 Ronne viru Schluss seng Spëtzepositioun awer nees zeréck erkämpft an dëst sollt e bis zum Schluss och net mei ofginn. Hannendrun hat de Bagnaia nawell ferm ze kämpfen seng zweete Plaz géint de Jorge Martin ze verdeedegen, sollt dëst kuerz viru Schluss dann och nach ofginn. Domat feiert Aprilia eng Dubbel-Victoire zu Mugello. Op d'Plaze 4 a 5 fueren de Japaner Ai Ogura an de Fabio Di Giannantonio.

Am General leit den Marco Bezzecchi elo 17 Punkten virum Jorge Martin.

De Manuel Gonzalez dominéiert weiderhi Moto2 a huet eng souverän Start-Zil-Victoire konnte feieren. Domat baut hien seng Féierung an der WM op 34.5 Punkten op den Izan Guevara aus. No enger spannender Schlussphase verléiert den Daniel Holgado seng zweete Plaz un de Celestino Vietti, ka seng drëtte Plaz awer an d'Zil retten. Op déi ondankbar 4. Plaz fiert de Senna Agius.

An der Moto3 ass de souveräne WM-Leader Maximo Quiles just op d'Positioun 11 gefuer. Gewonnen huet d'Course de Spuenier Brian Uriarte viru sengem Landsamm Alvaro Carpe, deen de Réckstand am WM-Klassement domat op 53 Punkten op de Quiles verkierze kann.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.


D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1. Marco Bezzecchi (Aprilia Racing) 40:57.347
2. Jorge Martin (Aprilia Racing) + 3.559
3. Francesco Bagnaia (Ducati Lenovo) +5.098

Moto2

1. Manuel Gonzalez (Liqui Moly Dynavolt Intact GP) 35:12.315
2. Celestino Vietti (MB Conveyors SpeedRS Team) +5.327
3. Daniel Holgado (CFMOTO Inde Aspar Team) +5.462

Moto3

1. Brian Uriarte (Red Bull KTM Ajo) 33:07.801
2. Alvaro Carpe (Red Bull KTM Ajo) +0.418
3. Hakim Danish (AEON Credit - MSI) +0.456

D'WM-Klassement

MotoGP

1. Marco Bezzecchi (Aprilia Racing) 173
2. Jorge Martin (Aprilia Racing) 156
3. Fabio Di Giannantonio (Pertamina Enduro VR46 Recing Team) 134

Moto2

1. Manuel Gonzalez (Liqui Moly Dynavolt Intact GP) 129,5
2. Izan Guevara (BLU CRU Pramac Yamaha) 95
3. Celestino Vietti (MB Conveyors SpeedRS Team) 93

Moto3

1. Maximo Quiles (CFMOTO Valresa Aspar Team) 145
2. Alvaro Carpe (Red Bull KTM Ajo) 93
3. Adrian Fernandez (Leopard Recing) 89

Back to Top
CIM LOGO