Zil ass Wierkspilot ze ginnLenny Kieffer: Vum Simulator an de Cockpit

Tom Hoffmann
De Lenny Kieffer huet de selwechte Familljennumm wéi den Chester Kieffer, mëscht de selwechte Sport, mee, déi Zwee sinn net Famille mateneen, och wann dat dacks geduecht gëtt. De Lenny Kieffer huet en plus eppes gepackt wat nach kengem Lëtzebuerger gegléckt ass. De Sprong vum Simulator an e richtege Cockpit.
Dem Lenny Kieffer säin Zil ass Wierkspilot ze ginn.
De Sprong vum Simulator an e richtege Cockpit ass dem Lenny Kieffer als 1. Lëtzebuerger iwwerhaapt gelongen.

De Simulator aus kaum nach ewech ze denken. Vill Pilote benotzen dëst Hëllefsmëttel fir den Auto an ze stellen oder sech op eng Course virzebereeden. De Lenny Kieffer mëscht zanter e puer Méint genee dat. De 16 Joer jonke Motorsportler geet aktuell an der Alpine Cup Series un den Depart.

De Lenny Kieffer: «Mäi Papp ass scho Simulator gefuer. Bon, dat ass scho méi laang hier. An do huet ee gesot, komm probéier och mol eng Kéier, dat ass wierklech flott. Do hunn ech dat probéiert an do hunn ech mech ëmmer weiderentwéckelt an elo sëtzen ech hei.”

Alles huet op der International Motor Show am November ugefaangen. De Lenny Kieffer huet am Simulator Plaz geholl a gouf drëtt séierste Pilote. Dës Top 3 goufen duerno op Paräis ageluede fir déi grouss Final dierfen ze fueren. Dunn huet et misse ganz séier goen an säi Papp, den Tom Kieffer, huet dobäi eng grouss Roll gespillt.

«Eng ganz grouss Roll. Hien huet de Bic fale gelooss, well mer den Dag virdru Bescheed gesot kruten, datt mer do kënne matfueren. An do si mer direkt dohi gefuer. An dofir muss ech him nach eng Kéier villmools Merci soen.”

Am ganze ware 6.000 Simulatorpiloten an der Course fir en Alpine Cockpit ze kréien an zu Paräis, wou sech dunn Elite getraff hat, konnt de Lenny Kieffer mat sengem Talent iwwerzeegen.

“Ech kann et nach ëmmer net gleewen. 6.000 Leit, an ech sinn Éischte ginn. An du sinn déi aacht Bescht mat op de Circuit de la Laquet, bei Lyon, geholl ginn an do hu mer Mental Coaching gemaach, Sport, e Stroossenauto, e Rennauto, an du sinn ech do zréckbehale ginn als Alleréischten.”

Simulatioun kënnt och zimmlech no u Realitéit erun. Dat ass och d’Erklärung wisou vill Motorsportler Zäit an der virtueller Welt verbréngen an do trainéieren.

“D'Bremspunkten si ganz realistesch. Du bremst d'selwecht um Simulator, wéi a Realitéit, hei am Simulator, wéinst de Vibratiounen ass dat ganz realistesch. Du spiers all Knubbel. Dat eenzeg, wat net d'selwecht ass, ass einfach déi Vitess, dee Bezuch zu der Vitess.”

Virun allem huet de Lenny Kieffer e grousst Ziel virun Aen.

“Mäin Zil ass natierlech Wierkspilot ze ginn, bei egal wéi enger Marke, natierlech am léifsten Alpine.”

Am Alpine Cup huet de Lenny Kieffer bis ewell iwwerzeegt. Eng Pole an e Podium stinn no deenen éischte Coursë schonn am Palmarès

Back to Top
CIM LOGO