Séiersten am Qualifying ware Kellen/Munhowen/Schiltz (39.) viru Konsbruck/Pichonnier/Vermast op Mustang (43.) a Linste/Bearden (48.) alleguer op Ford Mustang. Um 16 Auer pünktlech war den Depart vun der 33. Editioun vun dem Klassiker, bei deem net manner ewéi 73 Autoen deelgeholl hunn.
No enger knapper Stonn gouf et déi éischte Safetycar-Phas, bei där déi meescht Equipagen dann och un d'Boxe koumen, fir de Pilot ze wiesselen an nozetanken. Bei wonnerschéinem Hierschtwieder, goufen et vill spannend Dueller, net nëmmen un der Spëtzt vum Peloton mee och am Mëttelfeld esou wéi hannen am Feld.
No sechs Stonne gewënnt den Equipage Bryant/Keen (Ford GT40) viru Pedersen/Weiss/Kjaergard (Ginetta) an Drëtte gëtt Osborne/Müller/Ward (Ford GT40).
Beschte Lëtzebuerger Equipage gouf de Mustang mat der Nummer 64 (Kellen/Munhowen/Schiltz) vu Wengler Racing op der 16. Plaz. Domat gewanne si och d’Klass CT10. Op der 29. Plaz fuere Linster/Bearden mam Mustang Nummer 33 vum DJAG Racing iwwer d’Arrivée. Si ginn déi 6. an hirer Klass. An no technesche Problemer gi Konsbruck/Pichonnier/Vermast déi 46. am General.
Am Alfa Revival Cup stounge Vermast/Wilwert op hirem gielen Alfa Romeo 1750 GTAm mat der Nummer 58 och op der drëtter Podiumsplaz.
Am Historic Championship 65 waren Wilwert/Vermast op hirem Lotus Elan mat der Nummer 57 um Depart an hu mat der 4. Plaz de Podium knapp verpasst.
Am Belcar Historic Cup waren och Feltes/Welter op engem BMW 2002 ënnerwee a kommen op déi 2. Plaz an hirer Klass.