
Et war déi aacht Manche vun der WRC-Rallye-Saison 2026. No den insgesamt 17 Epreuvë vun e Freideg bis e Sonndeg war de Sébastien Ogier mat sengem Co-Pilot Vincent Landais dee Séiersten. Et war hir zweet Victoire an dëser Saison. Déi zwee Fransousen haten 58,3 Sekonnen Avance op de belsche Fuerer Thierry Neuville, deen duerch en duebele Platten an der zweetleschter Epreuve zeréckgehäit gi war. Bis dohin hate sech béid Piloten e spannende Kampf am Kräsi ronderëm Loutraki geliwwert.
Drëtte gouf de Japaner Takamoto Katsuta mat iwwer 3 Minutte Retard, deen dëse Weekend och eng staark Performance geliwwert huet. De Japaner huet säi Réckstand am WM-Klassement op den Elfyn Evans (Plaz 7) op moer 7 Punkte reduzéiert, de Waliser bleift mat 158 Punkten awer vir. De WM-Drëtten Oliver Solberg (Plaz 16) hat wéi den Evans kee gudde Weekend a rutscht op Plaz 5 erof. Den Ogier ass no senger Victoire neien Drëtten.