
E chaotesche Rennweekend zu Clastres huet d’Famill Weyland viru grouss Erausfuerderunge gestallt. Extrem Hëtzt huet fir d’éischt zur Ofso vun der Course samschdes gefouert, ier owes en heftege Stuerm iwwer de Circuit gezunn ass an e Bild vu Verwüüstung hannerlooss huet.
De Rennsonndeg ass fir de Sam Weyland scho beim Warm-up eriwwer gewiescht: Säin Dragster ass no enger méiglecher elektrescher Stéierung duerch de Reen ausgefall.
Fir de Rescht vun der Famill gouf et awer och Liichtblécker:
Trotz technesche Problemer a schwéiere Wiederkonditioune kann d'Famill insgesamt positiv op de Weekend zeréckkucken.
Den nächste Rendez-vous ass Mëtt Juli beim "Jade Race". Do wäert d'Famill da mat 5 Gefierer um Depart sinn. Hei géif dann och ee weltwäit eenzegaartegen Auto an den Asaz kommen... méi wollt een am Virfeld nach net verroden. Et dierft een also gespaant sinn.