De Leader Sparta Bartreng deklasséiert d’Kordall Steelers mat 103:68. Schonn an der Paus louch d’Lokalekipp 63:24 a Féierung an d’Entscheedung war gefall. De Victor Iwuakor war mat 39 Punkten net ze stoppen, hien huet de ganze Match iwwer fir spektakulär Aktioune gesuergt.
De Coupe-Gewënner Arantia Fiels ass mat vill Confiance an de Match géint d’Musel Pikes gestart a louch no knapp 5 Minutten 20:2 a Féierung. D’Virentscheedung war deemno séier gefall, um Enn setzt sech d’Lokalekipp 102:82 duerch. Mat 27 Punkte konnt de Michael Anthony Carter iwwerzeegen, all 11 Spiller vun der Fiels hu Punkte markéiert.
D’Etzella Ettelbréck huet op déi verluere Coupefinall reagéiert a setzt sech doheem mat 100:83 géint d’Résidence Walfer duerch. Nicholas Davis (25 Punkten), Adrian Delph (23) a Philippe Gutenkauf (19) hu bei der Lokalekipp de Rhythmus virginn.
D’Amicale Steesel setzt sech auswäerts mat 82:71 géint den T71 Diddeleng duerch. D’Gäscht hu sech fréi e klenge Virsprong erkämpft an dee bis zum Schluss verdeedegt, och duerch eng staark Quot vun der Fräiworf-Linn (22/25). Den Ahston Sherrel huet bei de Gäscht mat 24 Punkten am beschte getraff.
Bei den Damme gouf um Freideg de kompletten zweete Spilldag vum zweeten Tour vun der Qualifikatioun gespillt.
Den T71 Diddeleng huet Revanche geholl fir d’Néierlag an der Coupefinall a klappt d’Sparta Bartreng kloer mat 99:71. Den Tom Schumacher hat bekanntlech d’Ekipp Ufank der Woch als Trainer iwwerholl, d’Catherine Mreches konnt verletzungsbedéngt net matwierken. Shalonda Winton (23 Punkten) a Lauren Van Kleunen (21) hunn als Duo iwwerzeegt.
D’Amicale Steesel wënnt e wichtege Match am Kampf ëm d’Plazen an der Halleffinall. D’Lokalekipp setzt sech mat 85:68 géint den direkte Konkurrent Basket Esch duerch a sprengt domat nees op déi véierte Plaz an der Tabell. 27 Punkte goungen op de Kont vum Desiree Ramos, d’Kathryn Missavage huet 22 Punkten zur Victoire bäigesteiert.
E ganz enke Match wannen d’Musel Pikes mat 69:68 géint Wolz. D’Alexis Pana huet ronn 6 Sekonne viru Schluss den entscheedende Worf getraff, Wolz konnt d’Partie mam leschten Ugrëff net méi dréinen.