
Beim gréisste College-Tournoi an den USA spillen déi 68 stäerksten Ekippe géinteneen. All Match ass eng kleng Finall, nëmmen de Gewënner vun all Ronn kënnt an den nächsten Tour.
Am éischten Tour konnt sech Oregon mat 70:60 géint Virginia Tech duerchsetzen. D’Lëtzebuerger Nationalspillerin konnt mat 11 Punkten an 11 Rebounds iwwerzeegen.
Am zweeten Tour huet Oregon géint d’Topekipp Texas 58:100 verluer. An dësem Match konnt d’Etute nees en “double-double” markéieren, dat mat 11 Punkten an 10 Rebounds.
Beim Géigner spillt vun nächster Saison un iwwregens d’Schwëster vum Ehis, d’Isi Etute.
D’Isa Hämäläinen a Colorado hunn am éischten Tour géint Illinois 57:66 verluer, d’Lëtzebuergerin koum an dëser Partie net zum Asaz.