Basketball-ChampionnatEttelbréck wënnt souverän géint Diddeleng, de Kordall steet am Playoff

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg war den Optakt vum 21. Spilldag an der Enovos League bei den Hären.
© RTL

Hären

Ee Spilldag viru Schluss vun der regulärer Saison steet fest, wéi eng 8 Ekippen am Playoff wäerten untrieden. D’Kordall Steelers setzen sech nämlech mat 93:86 géint d’Résidence Walfer duerch a sécheren sech domat den leschten Ticket fir d’Playoffs. Mat 26 Punkten huet den Erik Timko am beschte getraff bei der Lokalekipp.

D’Etzella Ettelbréck wënnt däitlech mat 92:68 géint den T71 Diddeleng. Mat 31 Punkte war de Philippe Gutenkauf net ze stoppen. No engem ausgeglachenen éischte Véierel huet d’Lokalekipp e Virsprong eraus gespillt an de Match bis zum Schluss dominéiert.

Eng souverän Victoire gouf et fir d’Amicale Steesel, dat beim 99:66 auswäerts géint den Tabelleleschten AB Conter. Schonn an der Paus louchen d’Gäscht 60:31 a Féierung. 10 Spiller hu bei de Gäscht Punkte markéiert, den Ahston Sherrel koum op 28 Punkten.

Den Tabelleleader Bartreng feiert och eng däitlech Victoire, doheem huet d’Sparta sech mat 91:64 géint de Racing Lëtzebuerg duerchgesat. 25 Punkten goungen op de Kont vum Victor Iwuakor.


Dammen

An der Enovos League bei den Damme war et um Samschdeg den Optakt vum sechste Spilldag vum zweeten Tour vun der Qualifikatioun.

De Leader T71 Diddeleng setzt sech mat 99:81 géint d’Amicale Steesel duerch. Mat 27 Punkte konnt d’Svenia Nurenberg bei der Lokalekipp iwwerzeegen. D’Gäscht vu Steesel hu missen op eng Profispillerin verzichten an dëser Partie.

Den AB Conter séchert sech duerch eng 78:61 Victoire géint Wolz déi drëtte Plaz an der Tabell a spillt an der Halleffinall géint den Tabellenzweete Sparta Bartreng. D’Nationalspillerin Esmeralda Skrijelj huet mat 14 Punkten, 12 Rebounds an 10 Assists en “triple-double” markéiert.

Back to Top
CIM LOGO