
De wuel bekanntste Fax an der Geschicht vum Sport ass den 18. Mäerz 1995 esou ageleet ginn:
“De follgende Statement gouf haut erausgi vum Michael Jordan, duerch säi perséinlechen Affekot an Agent David B. Falk, Chairman vu Falk Associates Management Entreprises, Inc. (“FAME”) zu Washington D.C., als Antwert op déi zukünfteg Pläng vu senger Karriär.”
Besote Statement, deen an d’Büroe vun de Sportsredaktioune geschéckt gëtt, ass genee sechs Buschtawe laang:
“I’m back.”
Domat ass de Comeback vum wuel beschte Basketspiller vun allen Zäiten ageleet. Annerhalleft Joer virdrun war de Michael Jordan, änlech spektakulär, vu sengem Sport zréckgetrueden. Deemools, am Oktober 1993, war den Jordan dräifachen NBA-Champion mat den Chicago Bulls an duebelen Olympiagewënner mat den USA. Hien hat alles erreecht, war kierperlech a mental ausgebrannt an am Summer 1993 war säi Papp erschoss ginn.
Den Jordan hat sech zu engem radikale Schnëtt entscheet a wollt sech am Baseball versichen. Sengem Papp säi Liiblingssport. Bei der Minor-League-Ekipp Birmingham Barons, dat den Chicago White Sox gehéiert, hat hie sech net schlecht ugeluecht, mee d’Léift zum Basketball war nach net erlosch. D’Bulls mat Jordan, Pippen, Rodman a Co sollten an de Joren duerno dräi weider NBA-Titele sammelen. Dee leschten ass veréiwegt an der Netflix-Serie “The Last Dance”. An allen dräi Saisonen ass den Jordan zum MVP vun de Finals gewielt ginn.
Duerno kënnt et zu engem weidere Récktrëtt. An engem weidere Récktrëtt vum Récktrëtt. Tëscht 2001 an 2003 spillt den Jordan fir d’Washington Wizards a kann net méi un déi al Glanzzäiten uknäppen. Duerno ass “Air Jordan” definitiv gelant. Sengem Vermiechtnes sollt et awer net schueden. De Michael Jordan ass zum erfollegräiche Geschäftsmann ginn an huet net just mat Parten un NBA-Ekippen a mat senger Kleedermark méi wéi 4 Milliarden Dollar verdéngt. An der NASCAR-Serie ass hien entretemps Teambesëtzer. Fir seng Ecurie 23XI Racing fuere véier Piloten. Viru kuerzem konnt den Tyler Reddick déi faméis 500 Meile vun Daytona gewannen.