
Am direkten Duell ëm déi wichteg 8. Plaz an der Tabell wënnt Kordall doheem mat 91:84 géint Mamer. Domat spréngt d’Lokalekipp net nëmmen op Plaz 8 an der Tabell, mee gewënnt och den direkte Vergläich an huet e Virsprong vun engem Punkt bei nach 2 Matcher déi ze spille bleiwen. De Robertas Jonaitis konnt mat 35 Punkten iwwerzeege fir d’Lokalekipp.
D’Sparta Bartreng bleift no enger 77:69-Victoire auswäerts zu Steesel un der Spëtzt vun der Tabell. De Victor Iwuakor hat op en Neits e staarke Match mat 23 Punkten an 18 Rebounds, de Yannick Verbeelen (19 Punkten) a Max Logelin (18) hunn och eng staark Performance gewisen.
De Co-Leader Arantia Fiels wënnt auswäerts mat 92:79 zu Diddeleng a bleift domat punktgläich mat der Sparta. De Kevon Godwin war mat 34 Punkten net ze stoppe beim Coupe-Gewënner aus der Fiels.
Am Kellerduell setze sech d’Musel Pikes mat 91:69 géint den Tabelleleschten AB Contern duerch. Fir d’Lokalekipp war et déi éischt Victoire am Championnat no 15 Defaiten noeneen. Fir d’Gäscht vu Conter gesäit et scho virum Optakt vum Ofstigsgrupp an e puer Woche ganz schlecht aus, fir dës Saison an der Enovos League ze bleiwen. E staarke Match hat de Konan Oth mat 22 Punkten an 19 Rebounds.
D’Etzella Ettelbréck setzt sech auswäerts beim Racing Lëtzebuerg däitlech mat 89:71 duerch. D’Gäscht hu 14 Dräier getraff, d’Lokalekipp dogéint just 2 Stéck an doduerch konnt Ettelbréck de Virsprong am Laf vum Match kontinuéierlech steigeren. Um Enn hat den Nicholas Davis mat 29 Punkten déi meeschten um perséinleche Kont.
D’Résidence Walfer setzt sech doheem mat 102:72 géint de Basket Esch duerch a qualifizéiert sech domat fir d’Playoffs. D’Gäscht kruten d’Ausfäll vum Jordan Hicks a Clancy Rugg net kompenséiert. Fir d’Résidence hat de Brendan Bailey 27 Punkten um perséinleche Kont.