Basketball: Awards 2025/26Catherine Mreches a Max Logelin goufen als MVP ausgezeechent

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun de Coupe-Finallen huet d'Basketfederatioun um Samschdeg d'Awards vun der Saison 2025/26 verdeelt.
© RTL Lëtzebuerg

Insgesamt gouf et sechs Auszeechnungen: Ee Mol fir de beschte Spiller vun der Saison, ee Mol fir déi bescht Spillerin vun der Saison, ee Mol fir de beschte jonke Spiller, ee Mol fir déi bescht jonk Spillerin, ee Mol fir de beschten Trainer am Härechampionnat an ee Mol fir de beschten Trainer am Dammechampionnat.

Membere vun der Press, d’Traineren an d’Kapitäne vun den Ekippen an d’Fans hu gewielt.

MVP bei den Hären

MVP an der Enovos League bei den Häre gouf de Max Logelin vun der Sparta Bartreng

Och nach nominéiert waren:

Philippe Gutenkauf (Etzella Ettelbréck)
Oliver Vujakovic (Résidence Walfer)

MVP bei den Dammen

MVP an der Enovos League bei den Damme gouf d’Catherine Mreches vum T71 Diddeleng.

Och nach nominéiert waren:

Esmeralda Skrijelj (AB Conter)
Nicole Torresani (Sparta Bartreng)

Trainer vum Joer (Härechampionnat)

Och den Trainer vun der Saison 2025/26 geet op Bartreng un de Coach Karl Abou Khalil.

Och nach nominéiert waren:

Gavin Love (Etzella Ettelbréck)
Karolis Abramavicius (Arantia Fiels)

Trainer vum Joer (Dammechampionnat)

Am Dammechampionnat geet den Titel vum Trainer vun der Saison 2025/26 un de Mathieu Fivet vum T71 Diddeleng.

Och nach nominéiert waren:

Mike Feyder (Sparta Bartreng)
Paul Missavage (Amicale Steesel)

Beschte jonke Spiller

Als beschte jonke Spiller vun der Saison gouf den Edson de Sousa vun der Arantia Fiels ausgezeechent.

Bescht jonk Spillerin

Als bescht jonk Spillerin gouf d’Nicole Torresani vun der Sparta Bartreng ausgezeechent.

Weideren Artikel vun der Coupe-Finall am Basketball


Back to Top
CIM LOGO