
De Coupe-Finalist Arantia Fiels setzt sech auswäerts mat 94:85 géint d’Résidence Walfer duerch. Déi besser Trefferquot vun de Gäscht huet um Enn den Ënnerscheed gemaach. Insgesamt 12 Dräier an eng ganz staark Quot vun der Fräiworflinn (30/32) hunn d’Gäscht genotzt, fir dës Victoire ze feieren. Den Tyrell Sturdivant huet mat 28 Punkten am beschte getraff bei der Fiels.
D’Sparta Bartreng verléiert dogéint mat 72:90 auswäerts géint de Basket Esch. Quinten Nelson (24 Punkten) a Clancy Rugg (21) hunn als Duo iwwerzeegt, Bartreng huet säi Rhythmus an dëser Partie zu kengem Moment fonnt. Trotzdeem bleift d’Sparta un der Tabellespëtzt, well Ettelbréck och verluer huet.
D’Kordall Steelers wanne mat 106:92 géint d’Etzella Ettelbréck. D’Lokalekipp konnt offensiv zu kengem Moment an der Partie gebremst ginn, virun allem den Erik Timko war mat 46 Punkten net ze stoppen. D’Quartett Timko, Joanitis, Snoddy, Pellegrino huet net manner wei 102 Punkten opgeluecht. Ettelbréck huet domat d’Generalprouf virun der Coupefinall nächste Weekend an de Sand gesat.
Den T71 Diddeleng wënnt kloer mat 100:73 auswäerts géint d’Musel Pikes. D’Gäscht hu sech fréi am Match ofgesat a souverän gewonnen, dat ënner dem Impuls vum Jimmie Lee Taylor, hie konnt 30 Punkten a 16 Rebounds markéieren.
D’Amicale Steesel setzt sech mat 90:84 géint de Stater Racing duerch, d’Lokalekipp louch schonn an der Paus 65:39 a Féierung. An der zweeter Hallschent huet de Racing zwar opgeholl, konnt de Match awer net méi dréinen. 28 Punkte goungen op de Kont vum Ashton Sherrel.
Bei den Dammen war et den Optakt vum zweeten Tour vun der Qualifikatioun.
Zu Diddeleng gouf et eng Iwwerraschung, well d’Damme vum T71 gi fir déi éischte Kéier dës Saison als Verléierer vum Terrain, dat mat 76:81 géint de Basket Esch. Dobäi louchen d’Gäscht an der Paus nach 13 Punkten am Réckstand. Mat 26 Punkte konnt d’Eden Nibbelink iwwerzeegen, 24 Punkte goungen op de Kont vum Tatsiana Likhtarovich.
D’Sparta Bartreng setzt sech kloer mat 96:72 géint d’Amicale Steesel duerch. Adriana Quezada (23 Punkten), Jordan King (22) an Nicole Torresani (18) hu bei der Lokalekipp am beschte getraff.
En enke Match hunn d’Supporter zu Conter gesinn, hei setzt sech d’Lokalekipp mat 79:72 géint d’Musel Pikes duerch. Conter huet dobäi net manner wei 16 Dräier getraff, sechs dovu goungen op de Kont vum Esmeralda Skrijelj, si konnt 25 Punkte markéieren.