Coupe-Finall am BasketWie sinn d'Favoritten a spillt d'Form eng Roll?

Yannick Gross
E Samschdeg ginn an der Coque d'Coupefinallen am nationale Basket gespillt.
Coupe-Finall am Basket
E Samschdeg ginn an der Coque d’Coupefinallen am nationale Basket gespillt.

Bei den Damme kritt et Diddeleng mat dem Finalist vun zejoert der Sparta Bartreng ze dinn. Bei den Hären ass et d’Partie Etzella Ettelbréck géint d’Arantia Fiels. Wie si virum Match d’Favoritten a spillt d’Form vun den Ekippen an esou enger Coupefinall eng Roll?

Et ass erëm Zäit fir d’Finalle vun der Coupe am nationale Basket. Bei den Dammen ass et ee Samschdeg um 17 Auer de Match tëscht den éischten zwou Ekippen am Championnat. Diddeleng hat hire leschte Match awer géint de Basket Esch verluer, d’Sparta dogéint gëtt no an no besser. Fir den RTL-Expert Xavier Engel gëtt et awer ee ganz oppene Match.

Déi Diddelenger waren dominant déi ganz Saison, hunn awer elo verluer de leschte Match. Déi Bartrenger probéiere sech e bëssen ze fannen, si hunn och hir Amerikanerin gewiesselt an der Wanterpaus. Do ass alles op. Do muss ee wierklech kucke mat der Dagesform an d’Stëmmung an sou enger grousser Hal, dat mëscht schonn en Ënnerscheed heiansdo.

Mat den Häre geet et dann direkt dono an der Coque weider. Um20.15 Auer ass et d’Ettelbrécker Etzella, déi scho 25 Mol d’Coupe gewanne konnt a géint d’Arantia vu Fiels spillt. D’Fielser sinn an dëser Saison virun allem offensiv geféierlech, wärend Ettelbréck virun allem an der Defense oft gutt steet.

Ettelbréck ass a bleift eng Coupeekipp, déi kann een net ënnerschätzen. Si hunn natierlech elo zwee Match hannerenee verluer a si si vläicht an engem klenge Lach. Déi Fielsser sinn einfach immens offensiv dës Saison. Et ass flott nozekucke wéi de Ball do dréint. Ettelbréck ass an den Topp Zweedefensiv an d’Fiels sinn déi Bescht an der Attak, dat kann eng flott Partie ginn.

Op d’Amerikaner wäert et och an dëse Matcher erëm ukommen, dat souwuel bei den Damme wéi bei den Hären. Trotzdeem sinn et an dëser Saison och oft d’Lëtzebuerger, déi d’Matcher entscheeden.

“Natierlech muss een dat leider soen, dass vill un den Amerikaner hänkt. De Lëtzebuerger Basket geet ëmmer méi an déi Richtung, trotzdeem sinn et oft d’Lëtzebuerger, déi den Ënnerscheed maachen. Op Ettelbrécker Säit d’Gebridder Gutenkauf. Bei der Fiels sinn et da beispillsweis den Derek Wilson oder de Vic Heuschling, déi kënnen Impulser setzen.”

Ween d’Coupe bei den Dammen an Häre gewanne wäert, kënnt Dir e Samschdeg live op der Tëlee an op RTL.lu am Livestream gesinn. Dat mam Commentaire vum Jeff Kettenmeyer a Xavier Engel.

Back to Top
CIM LOGO