
Déi 18 Joer jonk Nowuessspillerin huet des Saison fir déi franséisch Ekipp Flammes Carolo (Charleville-Mézières) wäertvoll Asazzäit an der an der héchster europäescher Clubkompetitioun gesammelt. Insgesamt koum d’Nationalspillerin an 10 Matcher zum Asaz a stoung am Schnëtt 15 Minutten um Terrain. Statistesch konnt d’Ex-Spillerin vun de Black Frogs Schieren ronn 3 Punkten an 3 Rebounds am Schnëtt markéieren a konnt duerchaus op sech opmierksam maachen.
An der Gruppephas konnt sech d’Ekipp fir den zweeten Tour qualifizéieren, huet allerdéngs elo d’Véierelsfinall verpasst. De leschte Match um Mëttwoch goung mat 70:88 doheem géint Prag verluer. D’Madjo stoung an der “Starting 5" vun der Ekipp, si koum um Enn op 4 Punkten a ronn 18 Minutten.
