E Freideg stoung déi längsten Etapp vum Tour de France 2019 um Programm. Leader am General bleift den Giulio Ciccone.

Den Hollänner Dylan Groenewegen huet déi 7. Etapp vum Tour de France 2019 iwwer 230 Kilometer zu Chalon-sur-Saône gewonnen. De Coureur vun der Ekipp Jumbo-Visma konnt sech Zentimeter virum Australier Caleb Ewan duerchsetzen. Drëtte gëtt de Slowak Peter Sagan.

Am General bleift un der Spëtzt alles onverännert. Den Italiener Giulio Ciccone huet weiderhin e Virsprong vu 6 Sekonnen op de Fransous Julian Alaphilippe.

Resumé

Op der 7. Etapp vum Tour de France stoungen 230 Kilometer tëscht Belfort a Chalon-sur-Saône um Programm. Op d'Coureuren hunn an der éischter Hallschent vun der Etapp zwee Bierger vun der 4. an ee vun der 3 Kategorie gewaart.

Direkt vum Depart ewech hu sech de Stéphane Rossetto vu Cofidis an de Yohann Offredo vu Wanty-Gobert dovunner gemaach. Kee weidere Coureure wollt mat an d'Echappée goen an de Peloton huet dem Duo gréng Luucht ginn, fir den Dag un der Spëtzt ze verbréngen.

Tëschenduerch ass de Virsprong vum Rosetto an dem Offredo op iwwer 5 Minutte geklommen. Wat d'Arrivée allerdéngs méi no komm ass, wat d'Sprinterekippen den Tempo am Peloton erhéicht hunn an de Virsprong vum Duo un der Spëtzt erofgaangen ass. 12 Kilometer virum Enn goufen de Rosetto an den Offredo dunn endgülteg agefaangen.

Am Peloton hu sech d'Sprinterekippen op ee Sprint virbereet an de Kampf ëm déi beschte Plaze war lancéiert.

Um Enn konnt sech den Dylan Groenwegen d'Victoire am Massesprint sécheren. De Coureur vun der Ekipp Jumbo-Visma konnt sech Zentimeter virum Australier Caleb Ewan duerchsetzen. Drëtte gëtt de Slowak Peter Sagan.

Am General bleift un der Spëtzt alles onverännert. Den Italiener Giulio Ciccone huet weiderhin e Virsprong vu 6 Sekonnen op de Fransous Julian Alaphilippe.

© Le Tour / Twitter

Resultat

General