E Samschdeg goung et iwwer schwéier 128 Kilometer vun Orsières erop op Champex. De Lëtzebuerger hat als 7. een Ecart vun 21 Sekonnen op de Gewënner Lopez.

De Michel Ries vun der Ekipp Kometa huet sech op der schwéierer 4. Etapp vum Giro Ciclistico della Valle d'Aosta an Italien eng Plaz an den Top 10 geséchert. Um Enn war de Lëtzebuerger nëmmen 21 Sekonnen hannert dem Vainqueur Juan Lopez aus Spuenien.

De General gëtt vum Mauri Vansevenant aus der Belsch ugefouert. Hei läit de Michel Ries mat engem Ecart vun iwwer 21 Minutten op der 11. Positioun.