E Freideg goung et bei der 7. Etapp vum Tour duerch Polen iwwer 153 Kilometer vu Bukovina Terma op Bukowina Tatrzanska. De Bob Jungels gouf 55. am General.

Ronn eng Minutt virun der Konkurrenz konnt sech de Matej Mohorič behaapten. De Slowen vun der Formatioun Bahrain Merida konnt sech en solitaire duerchsetzen, dat virum US-Amerikaner Neilson Powless vun Jumbo-Visma an dem Italiener Gianluca Brambilla vun Trek-Segrafredo.

De Bob Jungels gouf op dëser Etapp den 59. mat engem Retard vu 7 Minutten an 19 Sekonnen.

De General huet de Pavel Sivakov vun Ineos gewonnen, dat mat 2 Sekonnen Avance virum Jai Hindley vum Team Sunweb. 3. gouf den Diego Ulissi op 12 Sekonnen.

De Bob Jungels huet am General 12 Plaze verluer a steet um Enn op der Positioun 55.

Resultat vun der Etapp

1 MOHORIČ Matej Bahrain Merida 4:04:42
2 POWLESS Neilson Team Jumbo-Visma 0:55
3 BRAMBILLA Gianluca Trek - Segafredo 1:07
4 GRMAY Tsgabu Mitchelton-Scott 1:19
5 POLJAŃSKI Paweł BORA - hansgrohe 1:32
6 NAVARRO Daniel Team Katusha Alpecin 1:57
7 FRANKINY Kilian Groupama - FDJ  ,,
8 LATOUR Pierre AG2R La Mondiale 2:15
9 HIGUITA Sergio EF Education First  ,,
10 ULISSI Diego UAE-Team Emirates  ,,

General

1 SIVAKOV Pavel Team INEOS 26:20:58
2 HINDLEY Jai Team Sunweb 0:02
3 ULISSI Diego UAE-Team Emirates 0:12
4 HIGUITA Sergio EF Education First 0:14
5 GEOGHEGAN HART Tao Team INEOS ,,
6 LATOUR Pierre AG2R La Mondiale 0:15
7 FORMOLO Davide BORA - hansgrohe 0:16
8 HAMILTON Chris Team Sunweb ,,
9 MAJKA Rafał BORA - hansgrohe ,,
10 KNOX James Deceuninck - Quick Step ,,