Bei der 16. Editioun vum Tour duerch Groussbritannien goung et e Sonndeg op der 2. Etapp 166 Kilometer ronderëm Kelso.

Als eenzege Lëtzebuerger ass bei dëser Course iwwer 8 Etappen de Ben Gastauer mat dobäi, de Schëfflenger hat e Sonndeg awer mat dem Ausgang vun der 2. Etapp näischt ze dinn.

D'Victoire um Enn konnt sech nämlech de Matteo Trentin sécheren. Den Italiener konnt sech op de leschten Hektometer viru sengem Landsmann Davide Cimolai duerchsetzen. Als 3. ass de Japser De Buyst och zäitgläich mam Trentin iwwer d'Ligne d'Arrivée gefuer.

De Ben Gastauer koum zäitgläich als 53. un an ass am General elo och op der 53. Positioun, dat mat engem Ecart vun 17 Sekonnen op den Trentin.

2. Etapp

1 TRENTIN Matteo Mitchelton-Scott 3:55:53
2 DE BUYST Jasper Lotto Soudal ,,
3 TEUNISSEN Mike Team Jumbo-Visma ,,
4 CIMOLAI Davide Israel Cycling Academy ,,
5 EDMONDSON Alex Mitchelton-Scott ,,
6 SWIFT Ben Team INEOS ,,
7 DOWSETT Alex Team Katusha Alpecin ,,
8 CLARKE Simon EF Education First ,,
9 VAN ASBROECK Tom Israel Cycling Academy ,,
10 WYSS Danilo Team Dimension Data ,,

General

1 TRENTIN Matteo Mitchelton-Scott 5 8:35:25
2 CIMOLAI Davide Israel Cycling Academy 0:11
3 DE BUYST Jasper Lotto Soudal ,,
4 TEUNISSEN Mike Team Jumbo-Visma 0:13
5 CLARKE Simon EF Education First 0:16
6 SWIFT Ben Team INEOS 0:17
7 VAN DER POEL Mathieu Corendon - Circus ,,
8 VLIEGEN Loïc Wanty - Gobert Cycling Team ,,
9 VAN ASBROECK Tom Israel Cycling Academy ,,
10 EDMONDSON Alex Mitchelton-Scott ,,