Mount Everest ChallengeGlen Leven wëllt de Buerschenter 33 Mol eropfueren

Tom Flammang
De Glen Leven, deen an der World-Tour als Mecanicien bei Trek-Ségafredo schafft, stellt sech de 14. September enger verréckter Erausfuerderung.
VIDEO: Glen Leven stellt sech dem Mount Everest Challenge
De Glen Leven, deen an der World-Tour als Mecanicien bei Trek-Ségafredo schafft, steet de 14. September virun enger verréckter Erausfuerderung.

De Glen Leven ass zanter e puer Joer an der World-Tour als Mecanicien bei Trek-Ségafredo responsabel fir de Fonctionnement vum Material. Hie këmmert sech do ënner anerem ëm d’Vëloe vum Lëtzebuerger Alex Kirsch. Beim Tour duerch Spuenien ass hien zwar net derbäi, hat awer eng aner, zimlech geckeg Iddi: De Mount Everest Challenge.

Seng Passioun fir de Vëlo huet de Glen Leven scho ganz laang an ass selwer gären hei am Land nach bei där eng oder der aner Course dobäi. Elo huet hien en néien Challenge an net der mannster Een.

D’Mount Everest Challenge gëtt et op der ganzer Welt an am Moment sinn et bal 4.000 Cyclisten déi déi vill Héichtemeter gepackt hunn. Den Glen Leven verbënnt dëst Evenement mat dem gudden Zweck an déi bis elo Ronn 5.000 Euro, déi vu Sponsoren a Startgeld era komm sinn, gi gepennt.

Matfuere kann e Samschdeg jiddereen, de Glen Leven muss 33 Mol de Buerschenter, dat sinn eleng 125 Kilometer Biergaus, eropfueren, fir säin Zil ze erreechen. Hien kritt awer iwwer de ganzen Dag ewech och Ënnerstëtzung an hofft, sou mann wei méiglech eleng mussen ze fueren.

Och wann de Vëlosmecanicien schonn 12.000 Kilometer an dëser Saison gefuer ass an dacks scho moies fréi um 5 Auer um Vëlo souz, sou bléift den néidege Respekt natierlech grouss.

Wien elo Iddi kritt huet an de Glen Leven de Weekend wëllt ënnerstëtzen, deen ka gären e Samschdeg nach op Buerschent fueren a selwer seng Grimpeurs-Qualitéiten testen.

Back to Top
CIM LOGO