De grousse Favorit Lex Reichling, deen déi läscht 3 Coursse fir sech entscheede konnt, misst sech engem staarke Scott Thiltges geschloe ginn.

De Scott Thiltges huet bei den Hären de Regionale Cyclocross zu Waarken gewonnen a bleift domadder de Leader am Skoda Cross Cup. Den Alzenger hat eng Avance vu 6 Sekonnen op de Lex Reichling aus dem Préizerdaul. Um Podium stoung nach de Fransous Loïc Bruetsch mat engem Réckstand vun iwwer 3 Minutten. Beschten Espoir war de Raphael Kockelmann als 4.

Bei de Junioren huet de Mats Wenzel gewonnen. Op d'Plazen 2 an 3 sinn den Noé Ury an den Tom Paquet gefuer.

Bei de Masters war déi éischt Plaz fir den Tom Flammang.