Jungels beim Tour duerch Kolumbien no Ekippenzäitfueren op Plaz 7

© Deceuninck - Quick-Step
Déi éischt Etapp vum Tour duerch Kolumbien am Cyclissem, en Ekippenzäitfueren vu knapp 17km, gouf en Dënschdeg vun EF pro Cycling gewonnen.
Mat engem Retard vu 45 Sekonne sinn Deceunick-Quick Step an de Bob Jungels déi Zweet ginn.De Lëtzebuerger Champion ass am General de 7ten.Um zweeten Dag steet eng Sprint-Etapp um Programm.Zesumme mat sengem Team-Kolleeg Julien Alaphillippe an dem Italiener Fabio Aru ass de Bob Jungels ee vu just 3 Europäer am Peloton.
Etappen
11.02.20 | Stage 1 | Tunja – Tunja | 16.7 km (TTT) |
12.02.20 | Stage 2 | Paipa - Duitama | 152.4 km |
13.02.20 | Stage 3 | Paipa – Sogamoso | 168.6 km |
14.02.20 | Stage 4 | Paipa – Santa Rosa de Viterbo | 168.6 km |
15.02.20 | Stage 5 | Paipa – Zipaquirá | 174.9 km |
16.02.20 | Stage 6 | Zipaquirá – El Once Verjón | 182.6 km |