E Freideg ass et op der 4. Etapp vum Tour duerch Kolumbien iwwer 168 Kilometer vu Paipa op Santa Rosa Viterbo gaangen. Gewonnen huet de Sergio Higuita.

Op der 4. Etapp vum Tour duerch Kolumbien huet sech de Kolumbianer Sergio Higuita d'Victoire geséchert. Hien huet sech am Sprint viru sengem Landsmann Egan Bernal duerchgesat. Als Drëtten hat de Fransous Julian Alaphilippe e Retard vun 1 Sekonn. De Bob Jungels ass um Freideg als 23. op 29 Sekonnen iwwert d'Arrivée gefuer.

Nom 4. Dag läit de Sergio Higuita a Féierung. Hien huet e Virsprong vun 12 Sekonnen op den Daniel Poveda aus Kolumbien. De Bob Jungels ass den 19. op elo 1 Minutt a 55 Sekonnen.

Top10 vun der 4. Etapp

1 Sergio Andres Higuita Garcia (Col) EF Pro Cycling 3:58:47
2 Egan Arley Bernal Gomez (Col) Team Ineos 0:00:00
3 Julian Alaphilippe (Fra) Deceuninck - Quick Step 0:00:01
4 Daniel Felipe Martinez Poveda (Col) EF Pro Cycling 0:00:02
5 Torstein Træen (Nor) Uno-X Norwegian Development Team 0:00:02
6 Richard Carapaz (Ecu) Team Ineos 0:00:02
7 Miguel Eduardo Florez Lopez (Col) Androni Giocattoli - Sidermec 0:00:02
8 Jonathan Caicedo (Ecu) EF Pro Cycling 0:00:04
9 Johan Esteban Chaves Rubio (Col) Nationalmannschaft Kolumbien 0:00:04
10 Fredy Emir Montaña Cadena (Col) EPM - Scott 0:00:04

De General