Am RTL-InterviewBob Jungels wiesselt bei déi franséisch Ekipp AG2R an nennt Grënn

Tom Flammang
En Dënschdeg koum d'Confirmatioun, datt de Lëtzebuerger Champion Bob Jungels vun der Formatioun Deceuninck Quick-Step bei d'Ekipp AG2R Citroën wiesselt.
De Bob Jungels am RTL-Interview
En Dënschdeg koum d’Confirmatioun, datt de Lëtzebuerger Champion Bob Jungels vun der Formatioun Deceuninck Quick-Step bei d’Ekipp AG2R Citroën wiesselt.

De 27 Joer ale Coureur, deen zanter 5 Joer Profi bei Deceuninck Quick-Step ass, huet e Kontrakt vun 2 Joer bei AG2R Citroën ënnerschriwwen.

Domat gëtt hien Teamkolleeg vum Ben Gastauer, deen Enn Juli och nach emol fir e weidert Joer bei AG2R ënnerschriwwen hat.

D’Ekipp gouf am Joer 2000 gegrënnt an ass déi lescht Joren oft ëm de Podium am Tour de France matgefuer. De Leader Romain Bardet wiesselt jo bekanntlech bei déi däitsch Ekipp Sunweb. Aktuell fiert d’Ekipp ënnert dem Numm AG2R La Mondiale, wiesselt awer fir déi nei Saison duerch en neie Sponsor den Numm op AG2R Citroën.

RTL-Ëmfro

Back to Top
CIM LOGO