Bis op Ouschtersonndeg den Tour des Flandres gefuer gëtt, bleiwen nach véier wichteg Courssen an der Belsch ze fueren.

Lass geet et e Mëttwoch mat der Classic Brugge-De Panne. Vill Ekippen hunn hir bescht Sprinter mat dobäi an esou heeschen d'Favoritte Sam Bennet, Arnaud Démare, Jasper Phlipsen oder Fernando Gaviria.

Op engem relativ flaache Parcours, deen awer dem Wand ausgesat ass, dierft et normalerweis an de Stroosse vun de Panne zu engem Sprint kommen. Dat lescht Joer war dat awer Anescht, do gouf et no enger duerch d'Wiederkonditioune schwéierer Course eng Victoire fir de Yves Lampaert. De Jempy Drucker hat sech als 5. klasséiert.

Och bei den Damme gëtt dës Course gefuer. D'Christine Majerus geet fir hir Ekipp Team SD Works un den Depart. Am Joer 2018 war d'Lëtzebuerger Championne déi 3. ginn.

RTL ass e Mëttwoch vu 15.00 Auer u live fir Iech mat dobäi.