Fir déi 5. Etapp vu Paris-Nice goung et en Donneschdeg iwwer 212,4 Kilometer vu Saint-Symphorien-sur-Coise op Saint-Paul-Trois-Châteaux.

Op der 5. Etapp vu Paris-Nice gouf et eng Victoire am Sprint fir den Hollänner Olaf Kooij. D'Lëtzebuerger haten alleguerten déi selwecht Zäit wéi de Gewënner.

Den Tadej Pogacar ass nach ëmmer Leader am General. Hien huet 6 Sekonnen Avance op den David Gaudu. De Bob Jungels ass den 18., de Kevin Geniets den 29., den Alex Kirsch ass op der 61. Plaz an de Michel Ries op der 65.

Déi éischt 10 vun der Etapp:

1 KOOIJ Olav Jumbo-Visma 5:19:54
2 PEDERSEN Mads Trek - Segafredo ,,
3 MERLIER Tim Soudal - Quick Step ,,
4 TRENTIN Matteo UAE Team Emirates ,,
5 KANTER Max Movistar Team ,,
6 COQUARD Bryan Cofidis ,,
7 BENNETT Sam BORA - hansgrohe ,,
8 MARIT Arne Intermarché - Circus - Wanty ,,
9 PAGE Hugo Intermarché - Circus - Wanty ,,
10 BOL Cees Astana Qazaqstan Team ,,

D'Top 10 am General:

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 17:14:52
2 GAUDU David Groupama - FDJ 0:06
3 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:46
4 YATES Simon Team Jayco AlUla 0:58
5 MÄDER Gino Bahrain - Victorious 1:21
6 BARDET Romain Team DSM 1:42
7 MARTÍNEZ Daniel Felipe INEOS Grenadiers ,,
8 JORGENSON Matteo Movistar Team 1:44
9 POWLESS Neilson EF Education-EasyPost 1:46
10 SOBRERO Matteo Team Jayco AlUla 1:56