
Déi lescht Etapp e Sonndeg war en Zäitfueren iwwer 10,3 Kilometer vun Alès op L’Hermitage. Hei konnt den Ewen Costiou vu senge séiere Bee profitéieren a sech vun der eelefter op déi éischt Plaz no vir schaffen. Mam Maxime Decomble a Paul Lapeira koumen zwee weider Fransousen op de Podium vun der Etapp. De Lukas Kubis, de Leader virun der leschter Etapp, gouf hanner dem Mathieu Kockelmann 15. (+ 35 Sekonnen) an huet sou nach dräi Plazen am Generalklassement agebéisst.
De Lëtzebuerger hat 34 Sekonne Réckstand op de Gewënner a konnt mat dëser staarker Zäit seng Plaz an den Topp 10 festegen. De Kockelmann gouf um Enn de Siwenten an huet nach eng Plaz verluer.
Generalklassement
1 Ewen Costiou 13:59:22
2 Paul Lapeira 0:02
3 Maxime Decomble 0:12
4 Lukas Kubis 0:15
5 Niklas Larsen 0:17
6 Dylan Teuns 0:32
7 Mathieu Kockelmann 0:32
8 Clément Izquerdo 0:36
9 Xabier Mikel Azparren 0:38
10 Léandre Lozouet 0:39